Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cola Boyy - Penny Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E wonnerschéi skurrilt Pandemie-Dokument

Dry Cleaning - New Long Leg

E wonnerschéi skurrilt Pandemie-Dokument

2019 hu si eis mat zwou EPe virwëtzeg gemaach, elo hu si endlech hiren offiziellen Debut eraus. D'Post-Punk-Formatioun Dry Cleaning liwwert mat "New Long Leg" e wonnerschéi skurrilt Pandemie-Dokument, dat op onerwaarte Plaze geet.

auto_stories

3 min

Iwwer dat lescht Joer gouf sech sécher méi wéi soss a sengen eegene Gedanke verluer. Komesch Ëmstänn bréngen heiansdo komesch Iwwerleeunge mat sech. Den Alldag kritt eng aner Nues. De Bléck bleift op bis ewell banal Saache vläicht méi laang hänken.

Op "New Long Leg" kritt een an där Hisiicht en Abléck an déi gelunge gro Matière vun der Florence Shaw, d'Sängerin, oder besser gesot d'Erzielerin bei "Dry Cleaning". Wärenddeem de Bass an d'Batterie defteg hummeren, d'Gittar schaarf ronderëm flattert, schwätzt d'Florence Shaw iwwer hir onkloer Emotiounen géigeniwwer Villes. Mol konfus, genervt, ënnerdréckt oder gewëllt, fléisse skurril charmant Sätz aus hirem Kapp eraus. Ouni Filter, direkt an eis Oueren.

Mat Monotonie a ganz dréchenem Humor gëtt eis d'Florence Shaw hir Observatiounen mat de op de Wee. Keramik a strécken, en predominante Spadséiergang am Land no enger Trennung. Den heemlechen Effekt vu verstëbsten Tëleessendungen a virun allem Iessen schéngen iwwer dat lescht Joer an hirem Kapp gemautscht ze hunn.

An den zéng Lidder gi kulinaresch Elementer wéi Uewefritten, deier Champignonen, oder och e grousst Glas Mayonnaise zoufälleg erwäänt. Et weess een net wierklech, wou et higeet, mee et fënnt ee sech an hirem geeschteren iergendwéi erëm.

Hir Wieder-Collagen droen eng réi Rhythmik a Kierperlechkeet a sech déi vun hirer Band ënnermoolt gëtt. Vu "Black Sabbath", iwwer "The Smiths" an "The Fall" halen den Nick Buxton, Tom Dowse a Lewis Maynard eng brittesch Rock / Post-Punk Dynamik um Rullen, déi een op alle Fall matrappt.

"New Long Leg" gouf d'lescht Joer a Wales opgeholl a vum John Parish produzéiert. Mëttlerweil eng kleng Legend, dee fir seng Aarbechte mam PJ Harvey, iwwer This Is The Kit bis hin zu Jesca Hoop bekannt ass.

"Méi ambitiéis, méi komplex" esou gouf den neien "Dry Cleaning" Album ugekënnegt. An dat kann een och gären ënnerschreiwen. D'Band vu Süd-London huet e Wierk geschaaft, dat e breede Spektrum vun Andréck aus enger isoléierender Zäit festhält.

D'Florence Shaw begeeschtert op eng ënnerdriwwe a mënschlech Manéier an erméiglecht dem Nolauschterer mol kuerz an engem anere säi Kapp anzedauchen an do hirem alldeegleche Feierwierk nozekucken. Wéi et an engem vun hiren Texter heescht, halt eng Fra mat engem Sonnebrëll an enger Bazooka. Dës Band weess wat se mécht, a léisst et knuppen.