Eagles of Death Metal war déi amerikanesch Band, déi den 13. November am Bataclan gespillt huet. 89 Mënsche ware bei dësem Concert am Paräisser Concertssall vun islamisteschen Terroristen ëmbruecht ginn. Dräi Méint drop huet d'Band e Gedenkconcert am "Olympia" an der franséischer Haaptstad gespillt.
Festivalen huele Band vun Affiche
Elo goufe si vun zwee grousse Festivalen, dem Paräisser Rock en Seine an dem Cabaret Vert zu Charleville Mézière gestrach. Grond wieren islamfeindlech Aussoe vum Leadsänger Jesse Hughes an Interviewen, sou d'Organisateuren.
En désaccord total avec les propos tenus par Jesse Hughes, le concert des Eagles Of Death Metal est annulé : https://t.co/1EnvC0mzib
— Rock en Seine (@rockenseine) May 20, 2016
#BREAKINGNEWS En désaccord total avec les récents propos tenus par Jesse Hugues, chanteur de Eagles of Death Metal, à un media américain[...]
— Cabaret Vert (@CabaretVert) May 20, 2016
Ëmstridden Aussoe vum Sänger
De Hughes sot géigeniwwer Rebel Media an Taki’s Magazine, datt d’Terroriste sech scho virum Concert am Bataclan opgehalen hätten. An an den Ae vum Salah Abedslam hätt hien d'Jalousie vun den Araber erkannt. Weider behaapt de Sänger, datt zwou Fraen an traditioneller muslimescher Kleedung net an der Entrée kontrolléiert gi wieren.
D'Sécherheetsbeamten am Bataclan hätte mat den Terroristen zesummegeschafft. An zu Paräis soll den Hughes gesinn hunn, wéi Moslemen d'Attentater gefeiert hunn.
EODM trotzdem am Atelier
Eagles of Death Metal kommen den 23. August op Lëtzebuerg an den Atelier. Dem Michel Welter vum Atelier no géif een den Ament nach kee Grond gesinn, fir d'Band vun der Programmatioun ze sträichen. D'Kommentare vum Leadsänger Jesse Hughes wieren zwar bedauerlech, awer a Frankräich géife verschidde riets-orientéiert Politiker déi selwecht Aussoe maachen.
Vill Amerikaner géifen dem Hughes seng Meenung deelen, an och vill aner Museks-Gruppe géife sou denken. "Polemik ass immens séier gemaach." Et dierft een dës Leit net direkt als Islamophoben a Rassisten ofstempelen.
D'Aussoe vum Hughes wären "extrem domm" a géifen d'Leit diviséieren. Eagles of Death Metal wier eng Grupp, déi dem Atelier um Häerz géif leien, sou de Michel Welter. Deemno géif ee se och net sou séier fale loossen. "Wann hien awer weiderhi sou Remarke wäert maachen, da musse mir eis d'Fro stellen, ob mir hien nach wëllen an eisem Programm vum Atelier hunn. Well dat wëlle mir absolut net."
Eng Band wéi Egales of Death Metal géif dem Image vum Atelier net schueden, mengt de Michel Welter weider. Den Jesse Huges géif virun allem sech selwer schueden.