Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Beaver Deceiver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech hoffen, datt mäin neien Album Käpp explodéieren deet"

Bill Callahan

"Ech hoffen, datt mäin neien Album Käpp explodéieren deet"

Mat wéinege Wierder zaubert de Bill Callahan poetesch skurril Geschichten ervir. Einfach Wourechte fléissen an d'Ouer, vu simpelen awer net eesäitege Personnagen. E Gespréich mam Mann mat der dezenter Stëmm.

auto_stories

5 min

Et muss ee scho selwer e bëssen eng Legend si fir e Lidd mat "Hello, I'm Johnny Cash" un-, a mam Saz "Sincerely, L. Cohen" opzehalen. Op d'Fro, ob en d'Stéck "Pigeons" virun 10, 20 Joer hätt kënne schreiwen, äntwert de Bill Callahan ganz einfach "firwat net" mat engem Laachen. Hien huet scho vill hanner sech, zanter senge réien Experimenter als Smog 1990 bis zu sengem ënnerdriwwen a lassgeléiste Sound, deen hien zanter Mëtt 2000 fleegt an op senger neier Plack "Gold Record" nees zum Virschäi bréngt.

Op sengem leschten Album "Shepherd In A Sheepskin Vest" vun 2019 huet de Bill Callahan seng Observatioune vum gewéinlechen Alldag verdéift. Hien hat sech bestuet, ass Papp ginn, huet seng Mamm verluer an huet sech op de Pleséier vun engem simpele Liewen als Hausmann konzentréiert.

"Déi alldeeglech Saachen, déi mir maache sinn helleg, fannen ech. Eis ernären, eis wäschen, anerer ernären, anerer wäschen."

Gewéinlech Tâchen, iwwer déi net laang nogeduecht gëtt, wieren immens wichteg fir eng spirituell Bezéiung zu der alldeeglecher Existenz ze hunn, esou de Callahan. Wou "Shepherd In A Sheepskin Vest" éischter solipsistesch wier, wier dësen Universum um neien Album "Gold Record" erweidert ginn. Eng Fra erkennt sech net méi an hire Liblingsbicher erëm. Eng Koppel fonctionéiert, well deen een drénkt, deen aneren net.

"Et geet ëm aner Leit wéi ech, Noperen, oder och eben de Ry Cooder". D'Lidd, dat och den Titel "Ry Cooder" dréit, éiert dëse Slide-Gittar-Meeschter mat vill Humor a Reverenz. Virun dräi Joer wier hien e risege Fan ginn. "Nieft der Musek déi groussaarteg ass, schéngt hien als Mënsch immens generéis a benotzt ni international Museker als Plattform fir seng Lidder drop ze placéieren." De Bill Callahan appreciéiert dem gudde Mann seng Kuriositéit a säin Enthusiasmus. Vill Leit, déi esoulaang wéi hien als Museker ënnerwee wieren, géifen dacks nëmmen nach "hir Saach" maache, fir déi si bekannt sinn.

"... um Enn ass et richteg, oder net."

Hien hätt de Ry Cooder awer net gefrot, fir op deem Stéck matzemaachen. "Ech war mir zimmlech sécher, datt ech keng Äntwert géif kréien". Dat gesot huet de Bill Callahan e ganz gefillsvolle Gittarist, de Matt Kinsey, op senger Säit deen hie scho laang begleet. Och wa si laang zesummen u Gittaren-Iddie feile géifen, wier d'Aarbecht am Studio séier gewiescht. "Gold Record" gouf a siwe mageschen Deeg opgeholl a gemixt. De Klang ass wéi gewinnt dynamesch labber, an et ass bewonnerenswäert, wéi d'Band de Bill Callahan an alle sengen eegewëllege Nuancë follegt. Et wier bal Improvisatioun, seet de Museker. Déi bescht Musek wier déi, wou een héiert, datt d'Museker sech géigesäiteg lauschteren. "Wa meng Band forcéiert ass mir nozelauschteren, dann héiert den Nolauschterer eben och, wéi nogelauschtert gëtt", laacht de Bill Callahan. "Ech hunn Zoufall a Feeler gär, Performance ouni vill Gedanken". Alles wier zimmlech einfach an onkomplizéiert erausgefloss komm. "Ob s de fënnef Stonnen oder fënnef Sekonnen un eppes schaffs ... Et ass um Enn entweder richteg oder net."

De Bill Callahan gëtt dacks als minimalistesche Songwriter beschriwwen. Mat wéinege Wierder zaubert de Bill Callahan poetesch skurril Geschichten ervir. De Schreifprozess wier engersäits laang awer och séier. "Wann alles zesummekënnt, ass et immens séier, wéi e Blëtz. Mee wéi en heftegt Donnerwieder muss sech als éischt eppes lues opbauen". Moies wier déi beschten Zäit fir ze schreiwen. "Zemools elo. Ech hunn e Kand a stinn dowéinst um hallwer siwen amplaz zwielef Auer op. Moies sinn ech am fokusséiertsten a kann do Gedanken am beschten ergräifen."

Käpp déi explodéieren

Zanter sengen Ufäng als Smog ufanks den 90er ass dem Bill Callahan seng Stëmm drastesch méi déif a gemittlech ginn. "D'Stëmm ass e Spigel vun eiser Psych, eiser Séil". Leit, déi villes an hirem Liewen ënnerdrécke géifen, géifen an engem schlechten Toun schwätzen. "Ech hoffen datt, iwwerdeems ech méi al a weis ginn, meng Séil och méi kloer a poséiert gëtt". Dat géif dann och vläicht déi Verännerung a Saache Stëmm erklären. Als Lidderschreiwer, Gittarist an esou viru wier hien deemools zimmlech onerfuere gewiescht. "Ech war net immens developpéiert an ech mengen, datt ech mech iwwer d'Joren zimmlech weiderentwéckelt hunn."

Déi éischten Alben als Smog waren immens direkt. E puer Zeile ware fir hien deemools schonn e Lidd. "Fir verschidde Museker ass hiren éischten Album dee beschten. Duerfir komme se och seelen nees un deen Niveau erun. Meng éischt Albe ware warscheinlech déi schlechtsten."

De Bill Callahan huet emol gesot, datt hie sech immens hoffnungsvoll fillt, nodeems hien e Lidd fäerdeg huet, wéi wann hien d'Welt kéint retten. E Gefill, dat allerdéngs net laang unhält.

Wat erhofft sech de Bill Callahan vu sengem neien Album "Gold Record"?

"Et ass en abstrakte Gedanken. Net wéi wa jiddweree sech elo a Fridden an Harmonie d'Hänn géif ginn. Ech gesinn et iergendwéi, wéi wa Käpp géifen explodéieren."