Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech léieren ëmmer bäi"

De Gittarist Philip Catherine

"Ech léieren ëmmer bäi"

De renomméierte belsche Gittarist Philip Catherine huet d'lescht Woch um Blues'n Jazz Rallye gespillt mam Luxembourg Jazz Orchestra ënner der Direktioun vum Ernie Hammes. De Philip Catherine ass schonn dacks zu Lëtzebuerg opgetrueden, ënner anerem mat Jazzgréisste wéi dem Chet Baker, dem Saxophonist Charlie Mariano an dem Akkordeonist Richard Galliano.

auto_stories

2 min

De Museker ka schonn op eng laang an erfollegräich Carrière zeréckkucken. Mee och hien huet eng Kéier kleng ugefaangen: 1956 mat nëmme 14 Joer stoung hie fir ronn 100 Concerte mam amerikanesche Batteur Edgar Bateman op der Bühn. Säin éischte Disk huet hie mat 17 Joer mam Organist Lou Bennett a mam Batteur Oliver Jackson opgeholl. Si zwee hunn de Philip Catherine mam Virus vum Swing a vum Groove infizéiert.

Carrière vun iwwer 60 Joer

Obschonn de Philip Catherine zanter iwwer Joer immens vill Erfarunge gesammelt huet, seet hien: "Ech léieren nach ëmmer bäi. Meng Evolutioun als Museker besteet doranner, datt ech mäi ganzt Liewe probéiert hunn, mech ze verbesseren, well ech Loscht drop hunn." Seng Chance war et, datt hie vu 17 Joer un ëmmer mat Leit gespillt huet, déi vill besser wéi hie waren, betount de Catherine. Zu senger Zäit hätt et kaum Jazzgittariste ginn. Dowéinst gouf hien iwwerall gefrot.

Hien hat vill wonnerbar Erfarungen a senge Liewen. De Saxophonist Dexter Gordon, Charlie Mariano, den Niels-Henning Ørsted Pedersen, de Bassist vum Oscar Peterson: D'Lëscht vun de prominente Nimm, mat deenen hien zesummegespillt huet, ass nach vill méi laang. Den Chet Baker, mat deem de Catherine ee Joer laang zesummegeschafft huet, bezeechent hien als "aussergewéinleche Museker, den Chet huet mäi kënschtlerescht Schafen enorm beaflosst".

Kee musikaleschen Dogmatiker

Wann et ëm d'Gittar geet, sinn den Django Reinhart an den Jeff Beck seng gréisst Inspiratiounen. An och wann hie selwer Gittarist ass, betount de Catherine: "Moi je ne suis pas un fanatique de la guitare en fait, c'est la musique qui m'intéresse".

Säin neisten Album "Manoir de mes rêves" mam Gittarist Paulo Morello a mam Kontrabassist Sven Faller koum den 21. Juni eraus. D'Musek dréit ëm Paräis an de 50er a 60er Joren. Et si Lidder vu bekannte franséische Chansonnieren: vum Henri Salvador, vum Michel Berger, an och vum Django Reinhardt.