Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech si kee 24-Stonnen-Museker"

De Pianist Joseph Moog

"Ech si kee 24-Stonnen-Museker"

2018 war den 100. Doudesdag vum Claude Debussy, an do huet de Joseph Moog mat senger neier CD och eng wichteg Contributioun geliwwert.

auto_stories

2 min

Joseph Moog (Foto: Archiv)

"Den Debussy war e Genie"

Wat mécht een nach, wann diskographesch fir den 100. Doudesdag vum Claude Debussy scho bal alles gesot ass? Et hëlt e Wierker op, déi kaum ze héiere sinn, weder am Concertssall nach op Disk. De Joseph Moog, deen de Claude Debussy als Genie consideréiert, huet déi 12 Etüden an déi posthum Etude retrouvée agespillt.

"Dat sinn am Fong dem Debussy seng modernst Stécker", seet de Pianist. Et si keng Wierker am reng pädagogesche Sënn, mee Concertsstécker, déi alleguerten e spilltechnescht Thema hunn a fir de Pianist eng Erausfuerderung sinn: Pour les cinq doigts, pour les tièrces, pour les arpèges ...

"Den Debussy huet sech e klenge Spaass dorausser gemaach. Déi Titelen si scho bal ironesch ze verstoen."

Gaspard de la Nuit

Debussy-Etudë si gekoppelt mam Maurice Ravel sengem Tryptichon "Gaspard de la Nuit" - een Zyklus, deen de Joseph Moog schonn zanter Schülerzäite faszinéiert. De Pianist hat sech selwer eng Kéier druginn, d'Gedichtvirlag vum Aloysius Bertrand selwer op Däitsch ze iwwersetzen. "Esou hunn ech de richtegen Zougang zum Wierk fonnt, dat de Ravel ganz detailléiert vertount." Fir de Joseph Moog stoung laang fest, dat hien "Gaspard de la Nuit" och op CD géif ophuelen.

"All CD ass eemoleg"

De Joseph Moog ass een äifrege CD-Kënschtler a mécht gäre Produktiounen, virun allem, well dat antëschent an engem agespillten Team fonctionnéiert. Nach ewell ass fir hien all Opnam eppes Eemoleges, een Ament, an deem déi ganz Equipe voll an der Musek ass.

"D'Musek behält ëmmer hiert Geheimnis, egal, wéi dacks een e Wierk ophëlt. Et ass just geléint."

Breede Repertoire

De Joseph Moog interesséiert sech fir vill Musek. Dat schléit sech och a senger Diskographie nidder. De Pianist ass ganz einfach e virwëtzege Mënsch, een, dee gären nei Saache kenneléiert, een, dee sech och fir Jazz a Gospel begeeschtere kann.

Eppes ass de Pianist vu Wincheringen awer net: "Ech si kee 24-Stonnen-Museker." De Joseph Moog brauch seng Fräizäit, hie genéisst d'Natur ronderëm d'Musel an déi seele Momenter, wou hien doheem ass.


De kompletten Interview vum Guy Engels mam Joseph Moog:

Lauschterenplay_arrow