Radioen

On air

De Weekend  |  Ned Doheny - Get It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Joer Elbphilharmonie

Elbphilharmonie

Ee Joer Elbphilharmonie

Den eelefte Januar 2017 huet d'Elbphilharmonie hir Ouverture gefeiert. Elo, genee ee Joer duerno ass et un der Zäit fir en éischte Bilan. Wéi kennt d'Gebai bei den Hamburger un? Wéi grouss ass d'Demande? A wat waren d'Kannerkrankheeten?

auto_stories

4 min

Et war en ëmstriddene Projet. Obwuel hir Dieren eréischt zënter enger Joer fir de Public op sinn, gëtt schonn zënter iwwer 15 Joer iwwert se diskutéiert. 2001 ass déi éischt Iddi fir d'Gebai entstanen a schonn 2003 gouf et deen éischten Eclat. An deem Joer gouf nämlech de Schwäizer Architekte-Büro Herzog & de Meuron engagéiert, ouni datt en Optrag ausgeschriwwe gi war, eng Entscheedung géint déi direkt vun engem aneren Architekte-Büro geklot gouf.

D'Baukäschte vun Projet waren explodéiert. Eigentlech sollt de Projet 186 Milliounen Euro kaschten. Um Schluss war ee bei iwwer 800 Milliounen Euro ukomm, wat d'Hamburger Populatioun, verständlecherweis, rose gemaach huet.

Hamburger akzeptéieren d'Elbphilharmonie

Mëttlerweil schéngen d'Hamburger d'Elbphilharmonie acceptéiert ze hunn, mengt de Lëtzebuerger Fränz Kremer, Member an der Redaktioun vun der Elbphilharmonie.

Vill Leit hätte gesinn, wat an deem Gebai passéiert. Et géif natierlech nach ëmmer Leit, déi géife soen, datt dëst an dat schlecht gelaf wier. Verschidde Saache géife vläicht zu Recht kritiséiert ginn. Wann een awer elo géif kucke, wat op der Plaz wierklech lass wier, da misst een zouginn, datt sech dat Ganzt gutt entwéckelt huet, sou de Fränz Kremer.

Vill dozou bäigedroen huet, datt d'Hamburger an d'Projete vun der Elbphilharmonie abezu ginn. D'Konzerte für Hamburg am Summer wieren ee Beispill fir Aktiounen, déi gutt ukomm sinn. D'Tickete fir dës Concerte goufe just an de Quartiere verkaf an dat fir Präisser tëscht sechs an 18 Euro. 60.000 Leit hätt ee mat dëse Concerten erreecht. De Weekend wier et och ëmmer schwaarz vu Leit, genee wéi ënnert der Woch, sou de Fränz Kremer.

"Leit déi einfach ronderëm d'Gebai ginn, déi op d'Plaza eropginn, also déi Aussiichtsplattform, wou ee gratis kann eropgoen. Ech mengen, wat och fir d'Hamburger wichteg war, et gouf näischt einfach dohi geprafft, wat elo al Saache futti gemaacht hätt."

D'Geschicht vum Hafe wier erhale ginn, doduerch datt den historesche Kaispeicher, wou féier d'Schëffer de Kaffi an de Peffer opgelueden hunn, bäibehale gi wier. Nei Gebaier wieren einfach uewen drop gebaut ginn. Am Nachhinein wier dat wichteg, well sech d'Gebai doduerch ganz schéin an dee Quartier integréiert hätt an net wéi ee Friemkierper géing wierken.

Eng vast Concertsoffer an eng grouss Demande

Insgesamt goufen am éischte Joer iwwer 600 Concerte gebueden, déi vun 850.000 Leit besicht goufen. Am Ganze goufen an der Elbphilharmonie, dozou gehéiert och déi fräi zougänglech Plaza, ronn 4.5 Millioune Leit gezielt. Dës Zuele beweisen, datt et am éischte Joer net wierklech eng Ulafphas gouf, erkläert de Fränz Kremer. D'Concerte wieren eigentlech all vun Ufank un ausverkaaft gewiescht. Dat hätt sech bis elo och net geännert. Am Contraire, et misst ee kucken, wéi ee mat der Demande ëmgeet, well natierlech ganz vill Leit intresséiert wieren, fir eppes an d'Elbphilharmonie lauschteren ze goen. Och vill Visiteuren a Schoulklassen hätten d'Philharmonie besicht, seet de Fränz Kremer. D'Nofro wier nach ëmmer ongebremst.

Nieft dem reguläre Concertsbetrib bitt d'Elbphilharmonie och eng ganz Rëtsch Educatiounsprojeten un. Iwwert 60.000 Leit hu bei dëse Manifestatioune scho matgemaach. Aacht esou Course sinn an der Moyenne am Gebai. Et géifen der och nach an der Stad selwer ginn, wou eng Ekipp mat engem Mobil a Crèchë géing fueren. Déi kleng Kanner kéinten dann an Atelieren Instrumenter entdecken an zum Schluss eppes Klenges spillen.

Adaptatioun u grouss Demande

D'Demande fir bei Projeten oder Opféierungen an der Elbphilharmonie dobäi ze sinn ass riseg. Vill Fräiraum fir ufänglech Problemer hat een net, trotzdem gouf et gewëss Kannerkrankheeten.

Am Laf vun der Saison gouf den Internetsite nach emol massiv verstäerkt. Et hätt een um Ufank net domat gerechent, datt souvill Demande do wier oder datt 10.000 Leit gläichzäiteg géife probéieren, Ticketen ze kafen, wann nees eppes Neies erauskënnt. Verschiddenes géif no a no verbessert ginn, seet de Fränz Kremer.

Och wann d'Architektur vum Gebai impressionnant ass, huet se awer och dozou bäigedroen, datt Leit sech Schanke gebrach hunn, sou de Fränz Kremer. Um Ufank hätt een heiansdo de Problem gehat, datt d'Leit net ëmmer genee gesinn hätten, well et och eng ganz extra Architektur wier, déi een net esou gewinnt wier. Och mat Trapen, déi heiansdo op Plaze sinn, wou ee se net erwaart. Am Summer goufen dowéinst Plastikssträifen, déi ee gesäit an och spiert, ob déi verschidden Trapen am Sall gemaacht.

Nieft dësem Problem hat ee mat engem Waasserschued ze kämpfen, deen dozou gefouert huet, datt et am Foyer vum klenge Sall ugefaangen hat ze schimmelen.

Mä trotz dëse vereenzelte Problemer kann een ee Joer no der Ouverture vun der Elbphilharmonie insgesamt e positive Bilan zéien.