Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee musikalescht Joer

Rock a Pop zu Lëtzebuerg

Ee musikalescht Joer

2016 war ee spannend Joer fir d'Musek zu Lëtzebuerg. Am Schied vum Grammy si vill pertinent Independent-Produktiounen entstanen, et hu sech nei Talenter op d'Bühn gewot, an et gouf iwwerraschend Reformatiounen. Den Iwwerbléck.

auto_stories

8 min

Déi wichtegst Decouverte 2016: Den Edsun

Den Newcomer

Seng EP N.O. koum zwar schonn am November 2015 eraus. Sou richteg um Radar ass den Edsun awer eréischt zanter dësem Joer. Dee jonken R&B-Edsun war fir vill Museks-Fans d'Decouverte vun 2016. Musek hätt schonn ëmmer eng grouss Roll a sengem Liewe gespillt, huet hien am Februar um radio 100,7 erzielt. Allerdéngs wär den Danz seng éischt Leidenschaft gewiescht.

Den Edsun schafft momentan un neier Musek. Hien ass definitiv ee vun deenen Artisten, op déi een 2017 zu Lëtzebuerg sollt een An halen.


De Comeback

Dee grousse Comeback vum Joer hunn Tvesla gemaach. No siwe Joer Paus huet den Noiserock-Trio sech mat Concerten zréckgemellt. Fir de Mäerz 2017 hu si en Album mat aacht Stécker annoncéiert, dee soll op Vinyl erauskommen.

De Serge Hilbert an den Arno Eschenauer am Mee 2016

"De Serge huet een Akkord ugeschloen, an ech wousst direkt, wat hie géif mengen", schwäermt de Batteur Arno Eschenauer am Interview iwwer déi éischt gemeinsam Prouf. Et spiert een de Museker hir Freed fir nees kënnen zesumme Musek ze maachen. Et wier eng Chance, als Trio sou gutt zesummen ze funktionéieren, sou de Gittarist Serge Hilbert.


De Workaholic

2016 ass een einfach net laanscht dësen Numm komm: Pol Belardi. Als Mastermind bei Force, als Bassist beim Pascal Schumacher, als funky Synthesizer-Monster bei Dillendub, als wonnerbar Radiostëmm um 100,7, oder als Komponist vun Urban Voyage. Am Mäerz huet hie säi Wierk an der Rockhal virgestallt. De Projet hat am Fong als Ofschloss-Aarbecht vun der Museksschoul ugefaangen. Mëttlerweil ass den 11-käppegen Orchester awer seng wichtegste Band.

Am Gespréich virum Release-Concert goung ënner anerem Rieds doriwwer, wéi akademesch Urban Voyage ass.


Den Album

Een Album, deen 2016 zu Lëtzebuerg fir Opmierksamkeet gesuergt huet, war "Diamond" vun Ice In My Eyes, deen am Mee erauskoum. De Longplayer gouf vum Jan Kerscher bei Ghost City Recordings opgeholl. Am Interview schwätzen d'Museker vu grousse Pop-Gesten, vun der Kandheet an den 80er a vun hirer Aarbecht mam Produzent.

Op Diamond geléngt et Ice In My Eyes, gängeg Pop-Songs mat der rauer Energie vun hire live-Optrëtter ze verbannen. Fans vun der Band dierft et interesséieren, datt si am Dezember nees am Studio ware fir nei Lidder opzehuelen. Och vun hinnen dierft een deemno 2017 nees eppes héieren.


D'Einhörner

Eng Release, déi am haarde Repertoire erausgestach huet, war "A matter of less in more" vun "The Majestic Unicorns from Hell". Virun allem, well si kenge Klischeeën noäiferen, mee originell an nonkonformistesch Musek maachen. A well si sech gläichzäiteg selwer net ze eescht huelen. D'Musek vum Quartett ass komplex, technesch usprochsvoll a saturéiert. Trotzdem mécht se Spaass – wéi den Numm et schonn undeit. Heiansdo géife si zwou Stonnen iwwer ee Passage diskutéieren, deen dräi Sekonnen am Lidd dauert, hunn d'Museker am Februar an der Emissioun Backstage erkläert.


De Flow

Et gouf wuel kaum ee Joer, wou souvill Lëtzebuerger Hip Hop erauskoum, wéi 2016. Dräi Joer no sengem Debut-EP huet de Maka MC säin éischten Album presentéiert. De Rapper huet sech déi 17 Stécker op "Dialog" vun der Séil geschriwwen. Seng Meenung mat engem coole Beat soen an d'Leit zum Nodenke bréngen, dat ass seng Vocatioun. Hie gesäit sech als eng Stëmm fir déi Leit, déi sech net kënnen oder wëlle fräi äusseren.

De Maka MC an de BC One am 100,7-Studio

De Maka MC steet kenger politescher Partei no, hie gesäit sech awer als Aktivist. "Ech huelen d'Musek fir verschidden Themen opzegräifen, ze beschreiwen an ze hannerfroen." De Rapper beschäftegt sech op Dialog ënner anerem mat der Flüchtlingsfro, mat Friemenhaass an der politescher Verdrossenheet vun der Gesellschaft.


D'Experiment

Trotz vill gudder Musek, gouf 2016 et leider wéineg Experimenter zu Lëtzebuerg. Een Artist huet allerdéngs ganz agreabel am virwëtzegen Ouer gekëddelt. De Michel Flammant huet 2016 als Sova Stroj een Album released. "Silent Earth" ass eng poetesch Visioun vun der Apokalyps. D'Enn vun der Mënschheet, vum Mënsch bewosst selwer erbäigefouert: "Ech hu mir iwwerluecht, datt d'Mënschheet enges Daags zu där Erkenntnis kënnt, datt all dee Misär an alles wat si bis elo geleescht huet net sou immens war. An datt si einfach géingen ophale sech ze reproduzéieren."

Well et da keen Drock méi géif gi fir ze wuessen, kéint d'Mënschheet an hire leschten 100 Joer zur Rou kommen. Lues a lues géif d'Äerd dann ëmmer méi roueg ginn. Dohier och den Titel vum Disk.

Obwuel d'Musek vu Sova Stroj roueg a monoton ass, geléngt et dem Artist, an deene véier laange Kompositiounen eng Narratioun ze vermëttelen. Am Géigesaz zu sengen anere musikalesche Projeten war d'Approche fir Silent Earth konzeptuell. "Ech hat den Album zu 80 Prozent fäerdeg am Kapp. Ech wousst wéi e géint ufänken, wou ech géif higoen a wéi e géif endegen." Och vum Sounddesign hat hie schonn eng ganz konkret Iddi, ier hie mat där eigentlecher Produktioun ugefaang huet.

Am September hat Sova Stroj den Album am Studio vum radio 100,7 live interpretéiert:


De Raiber

De Charel Nilles huet sech bis elo virun allem een Numm als Halschent vun Artaban gemaach. Am Summer huet hie säi Solo-Projet Sh'napan annoncéiert. Am Oktober koum säin éischten Album um Metzer Label Chez Kito Kat eraus.

"Sh'napan ass ee familiären Term fir 'klenge Raiber'", erkläert de Charles Nilles. Virun allem zu der Kandheet géif et a senger Musek ee staarke Lien ginn, erkläert hien. Aus Spaass hätt hien ugefaangen, mat Samples Musek ze produzéieren. Iwwer ee Joer hätte sech awer 25 Stécker ugesammelt. Et wiere kuerz Tracks op den Album komm, fir fir Ofwiesslung ze suergen.


De séchere Wee

2016 huet de Läb eng déck Schëpp Kuelen nogeluecht. Am Oktober gouf dat neistent Wierk "Kale Bauer" mat vill Tam Tam an der Rockhal presentéiert.

Deen neien Album wier nees bësse méi düster erkläert den David Galassi. "Mir sinn erëm a méi düster Zäiten erageroden. Mir konnten dat net méi nëmmen mat eisem übleche Sarkasmus an eiser üblecher Ironie observéieren an interpretéieren." Et hätt ee wéilte mat der Fauscht op den Dësch schloen.


De Producer

Optrëtter um Primavera, am Berghain, bei Boiler Room, Verëffentlechungen op gudden a renomméierte Labelen, positiv Rezensiounen an der Fachpress... D'Carrière vum Cleveland huet sech 2016 Joer ganz positiv entwéckelt. "Dat nächst halleft Joer bréngt ee Remix op Permanent Vacation, e Remix op Greco-Roman, eng nei Hivern Discs EP, a wahrscheinlech eng aner EP op engem vu menge Lieblings-Labelen an den USA", erkläert de Produzent. Donieft schafft hien un enger neier live Show.

Déi kann een am Januar am Kader vum Eurosonic Festival erliewen. Op Invitatioun vum radio 100,7 krut de Cleveland ee Spot um bekannte Showcase-Festival.