Radioen

On air

Espresso Beats  |  Sinkane - Everything Is Everything Feat. Tru Osborne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Wierk vu Kontraster

William Doyle - Great Spans of Muddy Time

Ee Wierk vu Kontraster

Als East India Youth huet hie Mëtt den 2000er a sengem Studio IDM, Pop an Ambient-Musek kaleidoskopesch gekräizt. Zanterhier verëffentlecht hien och ënner sengem eegene Numm Musek. Dem Englänner William Doyle säin neit Wierk bitt nees eklektesch Pop-Musek tëschent syntheetesch an organesch. Awer vläicht liicht manner verschafft. "Great Spans of Muddy Time" ass eisen Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

"Great Spans of Muddy Time" ass dem Ongléck ze verdanken. E Klangperfektionist krut eng hei op den Deckel. Wiem ass et net scho passéiert. En Harddisk, deen de Geescht opgëtt. Am William Doyle sengem Fall huet dat de Verloscht vu sëllege Opnamspuere bedeit. Glécklecherweis hat hien awer als Toun-experiment seng Klangkonstrukter duerch e Kassetterekorder lafe gelooss an opgeholl.

Eng villschichteg Plack

D'Audioqualitéit vun der Kassette war natierlech net esou geleckt wéi aus dem Laptop, a Verschiddenes konnt och net méi geännert oder weiderverschafft ginn. Esou war dëse manéierlechen Englänner gezwonge säi pedantesche Filter auszeschalten. En huet sech misse mam Zoufall an der Ongenauegkeet zefridde stellen. E Wiessel, deen an dësem Fall eng Beräicherung mat sech bruecht huet.

Et dauscht, knuppt a souert ganz agreabel op "Great Spans of Muddy Time". D'Elektronik ass lieweg a verspillt. Grondleeënd huet de William Doyle sech net geännert. En huet just eng weider Dimensioun vu senger Expressivitéit entdeckt. Méi séier schaffen, manner iwwerschaffen. Doduerch héiert sech seng nei Plack och ganz villschichteg un.

Vu réien experimentelle Konstrukter iwwer fréijoerlecher Ambient-Musek bis hin zu Synth-Pop à la Soft Cell. Vill Terrain gëtt gedeckt an ëmgegruewen. De Gaart ass hei och méi wéi eng Metapher. Den Titel vum Album ass dem populären engleschen Gärtner Monty Don ze verdanken, deen Depressioun als "Great Spans of Muddy Time" beschriwwen huet. Éiweg a matscheg ass dem dem William Doyle seng Plack allerdéngs net. Trotz méi réier Methodologie bleift seng Visioun fokusséiert a ronn.

Elegant an bal epesch

Dem William Doyle seng Stëmm war nach ni esou present am Mix wéi hei. E glëtscht ganz elegant a bal epesch vu Nout op Nout, weist e Selbstvertrauen, op déi ee ganz direkt usprécht. Seng Musek inspiréiert sech eegenen Aussoen un eegewëllegen englesche Museker wéi de Robert Wyatt, Brian Eno, Robyn Hitchcock a Syd Barrett. Mat Eleganz zitt hien duerch dës englesch musikalesch Landschaften, direkt oder indirekt a léisst d'Téin fir sech schwätzen.

Dystopesch Visioune vu kierperlecher Erweiderung oder och de Chaos am Kapp vu manipuléierte Matbierger a Krisenzäite sinn Theemen, déi vertount ginn. Mee et geet och méi abstrakt, méi duuss hir. En Album, deen tëscht dem mysteriéisen Ënnergrond an de Feinverzweigunge vun der Iwwerfläch pendelt. "Great Spans of Muddy Time" ass e Wierk vu Kontraster, dat den Zeitgeist festhält, an déi eng oder aner Revelatioun mat sech bréngt.