Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een almoudesche Rebell

De Gottfried von Einem

Een almoudesche Rebell

Seng éischt Uropféierung gouf vun de Berliner Philharmoniker gespillt a mat senger éischter Oper konnt hien e weltwäite Succès feieren. Schonn am Alter vun 29 Joer hat de Gottfried von Einem dat erreecht, fir dat aner Komponisten e ganzt Liewe laang schaffen. Gläichzäiteg war säi Wee markéiert vu Skandaler a politeschen Ugrëff. Deemools weltbekannt, ass en haut quasi am Vergiess gelant. A genee esou paradox ass och seng Musek: Zäitgenëssesch an der Iddi - almoudesch an der Ëmsetzung.

auto_stories

5 min

Virum Theater an der Wien versammele sech Gleeweger a biede Rousekränz. Firwat? Si protestéieren géint dem Gottfried von Einem seng neisten Oper. Am Gebai ass et net manner roueg: Während d'Musek spillt, ginn Tomaten an eng Sténkbomm geworf a Leit stéieren d'Opféierung mat Gejäiz. Gläichzäiteg start e Protestmarsch vum Karlsplatz a Richtung Theater, an den Opus Dei schéckt Busse voll mat Manifestanten. Blöderweis verrennen déi sech a lande mat hirem Protest virum falschen Theater, wéi de Komponist a senger Autobiographie schreift.

Datt et esou wäit géing komme, war viraus ze gesinn: Scho virun der Uropféierung hu 700 Reliounsproffe per Bréif protestéiert a beim Parquet gouf eng Plainte agereecht. Weider 30.000 Leit hu per Petitioun probéiert d'Oper vum Spillplang ze kréien. An nodeems d'Uropféierung live am ZDF an am ORF iwwerdroe gouf, hu sech méi wéi 1.000 Leit per Bréif bei de Sendere beschwéiert an de Komponist krut eng ganz Rëtsch Mordmenacen. Rieds ass vun der Oper "Jesu Hochzeit".

Mat "Unzucht mit Gottes Sohn" huet de Spiegel-Redakter Klaus Umbach säin Artikel vum 19. Mai 1980 betitelt.

En onverstanene Komponist

All dës Protester géingen op schreckleche Mëssverständnesser baséieren, schreift de Komponist a senger Autobiographie:

"Diese Kontroversen waren einfach grotesk und beruhten auf schrecklichen Mißverständnissen. Es war vermutlich vor allem der Titel, ein Zitat des hl. Augustin, der unberechtigterweise zum Anstoß effektiven Ärgernisses wurde."

Och wann dëst wuel dee gréisste Skandal war, deen de Komponist ausgeléist huet, war et bei Wäitem net deen Eenzegen. Ëmmer nees huet hie fir Opreegung gesuergt, virun allem mat senger Musek. Als eenzege bekannte Komponist vum 20. Joerhonnert huet hien nach un der Kompositiounsweis aus der spéider Romantik festgehalen. Seng Virbiller ware keng Revoluzer am Beräich vun der zäitgenëssescher Musek, mä Komponiste wéi de Mozart, de Mahler an de Bach, seng Tounsprooch d'Tonalitéit:

"Musik hat doch etwas damit zu tun, dass man hört. Und ich möchte, dass meine Zuhörer von mir das erfahren, was ich - soweit ich es kann - klar ausdrücken kann. Diese Sprache ist für mich die Tonalität."

Wéi tonal dem Gottfried von Einem seng Musek ass, erkennt ee ganz däitlech un dësem Beispill:

De Professer Otto Biba, Archivdirekter vun der Gesellschaft der Musikfreunde in Wien a Member vun der Gottfried von Einem-Musik-Privatstiftung seet, datt de Komponist wéinst senge Wierker am ale Kompositiounsstil e schwéiere Stand gehat hätt. Domadder wier hien en Aussesäiter gewiescht, dee vill ugegraff an iwwert dee gelaacht gi wier.

E Komponist, dee sech wiert

Einfach gefale gelooss huet sech de Gottfried von Einem dës Kritik awer net, mä hien huet sech hefteg gewiert, seet den Otto Biba:

"Er hat natürlich auch heftig zurückgeschossen. Er hat sich nie in seinen Briefen ein Blatt vor den Mund genommen - wieder dieses undiplomatische von ihm. Er hält mit seiner Meinung nicht zurück, er kann sehr gut formulieren, sowohl schriftlich wie mündlich. Er spricht pointiert, er schreibt pointiert. Da teilt er schon heftig aus, oder da hält er mit seiner Meinung nicht zurück."

Firwat de Gottfried von Einem esou staark an der Ëffentlechkeet opgetrueden ass, kéint mat senger Kandheet zesummenhänken.

E sensibele Kär

De Gottfried von Einem am Alter vun engem Joer.

De Gottfried von Einem ass an der ieweschter Gesellschaftsschicht opgewuess. Obwuel et him ni u Materiellem gefeelt huet, ass et him emotional gesinn net gutt gaangen. Seng Eltere ware seelen doheem an d'Schoulzäit huet hien am Internat verbruecht. Eleng ass dee Begrëff, deen engem am heefegsten an de Kapp kennt, wann een iwwert dem Gottfried von Einem seng Kandheet liest. Esou zum Beispill a senger Autobiographie:

"Das viele Spielzeug, das wir geschenkt bekamen, sollte wohl die fehlende Anwesenheit der Eltern kompensieren und den Mangel an Liebe aufwiegen. Mir aber bedeuteten diese Dinge wenig."

Trouscht huet de Gottfried von Einem schonn als Kand an der Musek fonnt:

"Ich merkte, daß die Welt der Klänge für mich unendlich wichtig, ja lebens-entscheidend war. Eigentlich war es für mich schon seit den frühesten Kindertagen an klar, daß ich die Componisten-Laufbahn einschlagen würde. Schon im Alter von fünf Jahren artikulierte ich den Wunsch, Componist zu werden, mit aller Deutlichkeit."

Den Otto Biba gesäit dem Gottfried von Einem säi selbstbewosst Optrieden an der Ëffentlechkeet als Ersatzbefriddegung fir seng ënnerlech Solitude.

De Gottfried von Einem um radio 100,7

Wéi ass de Gottfried von Einem zu deem Komponist ginn, deen e spéider war? Wéi huet hien et fäerdeg bruecht, datt seng éischt Uropféierung vun de Berliner Philharmoniker gespillt gouf an datt seng éischt Oper e weltwäite Succès war? Wéi koum et, datt hien als "Schande für Österreich" bezeechent gouf? (Neen, dobäi goung et net ëm "Jesu Hochzeit".) Äntwerten dorobber ginn et an der Emissioun Komponist vum Mount.

3.1.2018: E fläissegen Autodidakt
10.1.2018: Operen: Notate der Zeit
17.1.2018: E streideregen Ëmstriddenen
24.1.2018: 100 Joer Gottfried von Einem
31.1.2018: Nieft den Operen


D'Fotoe goufen eis frëndlecherweis vun der Gottfried von Einem Musik-Privatstiftung zur Verfügung gestallt.