D'Emmanuelle Haïm gouf zanter 2000, deem Joer an deem si den Orchester Le Concert d'Astrée gegrënnt huet, eng absolutt Referenz an der Barockzeen. Si ass net just eng exzellent a leidenschaftlech Interpretin, mee och eng Fuerscherin am Beräich vun der historescher Opféierung an eng Koryphee op dësem Gebitt.
Fënnef éischt Präisser
D'Emmanuelle Haïm ass eng ausgebilten Cembalistin aus dem Conservatoire National Supérieur de Paris, wou si mat insgesamt fënnef Éischte Präisser erausgeet. Duerno spillt si am William Christie sengem Ensembel Les Arts Florissants. Mee et ass duerch den Dirigent Simon Rattle, datt si entscheet selwer Dirigentin ze ginn.
Egal ob mat hirem Ensembel Le Concert d'Astrée, oder als Gaaschtdirigentin bei de Berliner Philharmoniker, dem Los Angeles Philharmonic, oder dem New York Philharmonic: Iwwerall gëtt si héichgelueft fir hir Aarbecht, hir Perfektioun, an hir Sich no enger beschtméiglecher Approche zum Original.