Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emo Season

Chaild X Maz e Sanschden an der Kulturfabrik

Emo Season

Deen ee séngt sech mat authentesche Melodien an intensiven Texter an d'Häerzer vum Public; deen anere suergt mat Eyeliner a staarke Wierder fir Kontrovers. De Maz an den Chaild, déi dëse Samschden an engem Double Bill an der Kulturfabrik optrieden, hunn op den éischte Bléck net vill gemeinsam. Deen zweete Bléck huet de Marc Clement gewot a sech mat deenen zwee am Virfeld vum Concert ënnerhalen.

auto_stories

2 min

Zesummen hu mir schonn am Titel "Sick Water" héieren, deen 2019 laang uewen an de Lëtzebuergeschen Charts stoung, ee Lidd iwwer d'Bekanntsinn an och d'Sehnsucht duerno. D'Frëndschaft tëscht dem "Chaild" Adriano an dem Thomas alias Maz ass awer schonns méi al wéi hire gemeinsamen Titel, 7e Lycée fir et genau ze maachen. De Concert feiert also net nëmmen deen zwee hir Musek, mee och zéng Joer Frëndschaft.

D'Positioun vum Artist an der Gesellschaft, mee och toxesch Maskulinitéit sinn Themen, déi de Sänger an de Rapper gläichermoosse beschäftegen. De Maz huet elo rezent mat senger Single "Eyeliner" e puer Leit widder de Kapp gestouss, déi mat der weiblecher Säit um Mann net esou komfortabel sinn. Am Chaild senger neier Single "Radio" fanne mir d'Fro, ob am Radio gespillt ze ginn iergendee Sënn huet, wann een net esou geholl gëtt, wéi een ass.

Béid Museker goufe fir hir Kreativitéit an hir Bestännegkeet belount an deene leschte Joren: Den Chaild huet bei de Francofolies zu Esch matgespillt, de Maz war d'Revelatioun vum Screaming Fields 2018. Vill online Hype rankt sech ëm déi zwee, déi d'Zwangspaus an deene leschten Joer allebéid genotzt hunn, fir vill nei Musek ze schreiwen an opzehuelen. Eng Maz EP an eng nei Scheif vum Chaild sinn also och an Aussiicht gestallt.

"Fir de Concert an der Kulturfabrik wollte mir jiddereen eis jeeweileg Welt weisen, an och zesummen op der Bün stoen."