Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.10 an Do Majeur, K330, III. Allegretto - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Album, dee Loscht op d'Liewe mécht

White Denim - Performance

En Album, dee Loscht op d'Liewe mécht

Wann Dir Iech scho mol gefrot hutt, wéi een d'Welt och mat verstraalte Mierer a soziale Konflikter nach schéi ka fannen, dann hu White Denim vläicht eng méiglech Äntwert parat. Déi véierkäppeg Garage-Rock Band vun Austin, Texas bréngt mat "Performance" en Album eraus, dee Loscht op d'Liewe mécht.

auto_stories

4 min

Déi nei Scheif vu White Denim, "Performance", fänkt u mat enger gudder Portioun Selbstvertrauen an Aplomb. E klenge Radiozapping-Soundeffekt an den éischten Akkord vu Gittar a Synthesizer weist de Wee an de psychedelesche Garagerock, deen d'Pièce de Résistance vun dëser Performance soll sinn a bleiwen.

"Magazine" ass eng perfekt Single an e perfekten Album Opener. An och wa White Denim aus dem Texas kënnt, ass dat heiten éischter déi kalifornesch Variant vum Psych-Garage. Si huet eng gutt Portioun Soul an e puer Bléiser a sech an hält, e bësse wéi bei de Black Lips, den Arcs oder de Parquet Courts, mat grad genuch Orchestratioun a rhythmesche Bréch d'Saach lëfteg. D'Zeeche stinn op Spaass, d'Liewen ass aus Neon a Glitzer a féiert direkt aus engem Magazine an de One Night Stand, wann een dem Text vum éischte Song esou nospadséiert.

Op dem zweeten Track, "Performance", kritt een dann den Abléck an de Proufsall. Ouni jee un déi vill méi rau a punkeg Produktioun vu fréiere White Denim Placken unzeknäppen, där et der ëmmerhin zanter 2008 siwe Stéck goufen, presentéiert d'Band hire Stilmix hei wéi ee leckere Plat mat allen Ingrediente gekonnt a bal onidentifizéierbar matenee verschmëlzt. Eng queenaarteg schlängelnd Gesangslinn, Gittarepop, Garage Fuzz, eng Prise 70s R&B kommen um Titeltrack erausgefloss wéi eng zweet Natur. Éierlech, mee net direkt, einfach mee net simpel, liicht mee mat Intentioun. Besonnesch widderspréchlech a scho bal verblüffend sinn déi kuerz a knackeg Ukläng un de 70er Prog-Rock, déi hei an do erausluussen. Frot mech net, wéi dat geet, well et ass e bësse wéi en zwee Zeile Resumé vu "Krieg und Frieden". A wat ee Spaass.

D'Passagen an d'Lyrics vun dëse Songs komme wéi Salve vun E-mailen, SMSen oder kuerze Stëmmungsbiller. Du hues e puer Hitt verkaf no der grousser Geldparty, op engem an der Mikrowell gewiermte Mier op engem Croisièresschëff fir dräi, an de Kéis huet sech ugesammelt bis en eis bis un d'Knéie gaangen ass. Wat och ëmmer dem Sänger James Petralli seng Texter fir hie selwer bedeiten, hir psychedelesch Billerwelte fannen Uklang un der Géigewaart, hirer Spaassgesellschaft an hirem iwwerdréite Rhythmus. Si connectéieren ouni vill Effort mat Momenter, déi och den Nolauschterer a sengem Alldag kéint begéinen, an et mécht Spaass, déi iwwerspëtzten a kuerz Fatzen op sech wierken ze loossen.

An engem Interview mat MOJO Magazin huet de Sänger d'Band mat de Yacht-Rocker Steely Dan verglach, och wéinst hirer Ugewunnecht, heiansdo mol ee Museker auszewiesselen. "Performance" ass mat engem aneren, méi Groove-vernarrtene Batteur opgeholl, dem Conrad Choucroun. De poléierten, perfektionistesche Sound vum Album erënnert dann och e bëssen un dem Walter Becker an Donald Fagen hir Kultformatioun, a White Denim hu virun dëser Plack esouguer extra hiren eege Studio gebaut. Wann deen een oder anere Song, "It Might Get Dark" zum Beispill, e bëssen un d'Eagles oder d'Wings erënnert, da versteet een op eemol, vu wou White Denim och hierkommen.

"Performance" ass een Album, fir deen ee sech gäre Momenter virstellt, an deenen een e wëllt lauschteren. An engem Kabrio um Wee bei eng Plage, nuets an de Stroosse vun enger animéierter Stad, sonndes mueres beim Opstoen. Dat heescht net, datt et hei näischt gëtt fir sech ze setzen an nozelauschteren, well et wier schued, well White Denim esou zevirkommend sinn, ni déi ongedeelten Opmierksamkeet vum Nolauschterer anzefuerderen. "Performance" ass eng generéis a mat grousser Finess gestréckte Plack, déi als ideale Soundtrack fir flott a magesch Momenter einfach Loscht op d'Liewe mécht.