De Mikey Young ass en australesche Museker a Produzent, dee virun allem als Member vun der Post-Punk Formatioun Total Control bekannt ass. Als Solo-Kënschtler verëffentlecht hien elektronesch Musek. D'Ravon Mahon ass Sängerin bei der amerikanescher Lo-fi Punkband Grass Widow.
Hiren neie Projet The Green Child léisst sech schwéier kategoriséieren. An dat ass ee Kompliment. De Begrëff Krautrock resuméiert gutt, wéi verschidde Stécker kléngen. Zum Beispill de sechs Minutte laangen éischten Titel "Traveler". Eng pulséierend Kick-Drum, orientalesch ugehauchte Synthesizer-Sequenzen, psychedelesch Klangteppecher an en holperege Bass suckelen den Nolauschterer an de Song eran. Do gëtt een da vun der Ravon Mahon hirer charmant-gelangweilter Stëmm verféiert.
The Green Child beweege sech awer net just am hypnotesche Krautrock-Universum. No "Traveler" kënnt den Duo mat engem sonnege Pop-Song, d'Single "Her Majesty II". Hei gëtt de Klangspektrum mat akusteschen an elektresche Gittaren erweidert, an an der Ravon Mahon hirer Stëmm héiert een e Smile. Hir dissonant Manéier fir ze sangen erënnert net seelen un d'Nico. Och wa si, wéi op "Her Majesty II" Feeën-haft Chéier hannert hire Gesank placéiert.
Op "Bertha" si mir dann nees beim elektronesche Klang vun der däitscher Nokrichsgeneratioun. Kraftwerk léisst gréissen. An deen nächsten Titel "New Years Eve" kléngt no deem elektronesche Bedroom-Pop, deen ee bei sou enger trans-pazifescher Kollaboratioun à priori géif erwaarden.
Trotz der grousser Distanz, déi tëschent de Museker war, wéi si dës Musek geschaf hunn, kléngt The Green Child ganz onmëttelbar an intimistesch. D'Instrumenter an d'Stëmm treffen een do, wou et gutt deet. Et ass Musek, déi onpretentiéis ass. Et ass eng eegewëlleg Musek, déi sech net opdrängt, mä déi invitéiert, fir genee ze lauschteren. Obwuel kloer Referenzen drastiechen, virun allem u Kraftwerk, ass "The Green Child" een originellen Album, dee sech vu Klischeeë ewech hält. "The Green Child" mécht Dieren op zu wäite billerräiche Welten. Den Album ass e regelrechte musikaleschen Trip, op deem engem e sëlleche kleng, ongeschlaffe Pop-Diamante begéinen.