Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Album mat Haltung

Anna Calvi - Hunter

En Album mat Haltung

Den éischten Album ass am beschte Fall d'Revelatioun. Den zweeten Album déi schwiereg Suite. Mat Disque Nummer dräi gëllt et, Fans ze begeeschteren, a sech selwer. An net gelangweilt Opgewiermtes nei ze presentéieren. D'Anna Calvi huet sech mat hirem neien, drëtten Album Hunter ganz sécher selwer begeeschtert. Dat mengt op alle Fall den Tom Dockal, deen domadder den Album vun der Woch presentéiert.

auto_stories

3 min

"If I was a man in all but my body / Oh would I now understand you completely" um éischte Song oder "The bodies and the rhythm
And flowers in my hair / The red light on the leather / Nothing will compare" um zweeten Track. Eppes ass glaskloer. D'Anna Calvi huet verschidde Saachen duerch de Kapp goe gelooss. An Decisioune geholl. De Compte rendu vun deenen Decisioune ginn dem interesséierten Nolauschterer op zéng neie Lidder um Album Hunter ënnerbreet.

Et ass net esou, ewéi wann d'Anna Calvi säit dem leschten Album One Breath doheem souz, d'Däimercher gedréint a sech de Kapp exklusiv zerbrach huet. Ganz am Géigendeel: mam David Byrne Musék opgeholl, mam Amanda Palmer fantastesch Bowie Songs gecovert a lescht Joer zu Düsseldorf fir d'Bob Wilson Produktioun vum E.T.A. Hoffmann sengem Sandmann d'Musék bäigesteiert. Näischt maachen ass anescht. An awer - d'Anna Calvi huet sech laang fënnef Joer Zäit geholl fir Long Player Nummer dräi, Hunter.

Am Virfeld ass mat der éischter Singleauskopplung "Don't Beat The Girl Out Of My Boy" - alt nees d'Programmatik am Titel - eng Zort Essay erauskomm. Si verlaangt alles. Ass op der Juegd dono. Intimitéit. Stäerkt. Eng méi subversiv Sexualitéit. D'Iwwerwannung vu Gender an enger patriarchal heteronormativer Gesellschaft. An awer gläichzäiteg Jeeërin a Gejote sinn. Verschidde Kritiken - och an der Spex - gëtt geschmunzelt no dësen op zéng Lidder formuléierte Wënsch.

Déi Kritiker kréien elo vum wäissen Hetero-Rezensent um 100,7 gesot, datt se näischt verstanen hunn. Et ass eng Saach, als Guitarevirtuosin ewéi d'St.Vincent, d'Torres oder eben d'Calvi déi sexuell Codë vum Instrument, déi säit Joerzéngte vu Männer benotzt ginn, fir sech ze beusprochen. Bal 25 Joer no Boys and Girls vu Blur brauch et eng equivalent vun enger Fra gesongen. An Don't Beat The Girl Out Of My Boy kéint genee deen Titel sinn.

En Album mat Haltung an de Versuch fir un déi grouss Mass ze kommen

Bei allem gesellschaftlech progressive Gestus ass Hunter en immens perséinlechen Album. Schlofkummer perséinlech quoi. Schonns bal ongemittlech no um Calvi an hirer Liewenspartnerin an an hirer gemeinsamer Wunneng zu Stroossbuerg. Wiem dat da mat Amenter ze vill soll sinn, dee ka sech och nees un der grousser Muskerin Calvi erfréeën. Grouss am Sënn vun de groussen Tableauen, déi si mam Nick Cave Produzent Nick Launay a mam Adrian Utley vu Portishead zeechent. Bei allem Sex, Schweess a Lieder gëtt et musikalesch grousse Kino.

Mol gewinnt inbrünsteg, mol riseg grouss an däischter ewéi op Indies Or Paradise oder akustesch a wonnerschéin ewéi op Away. Mat Hunter deet d'Anna Calvi laangjäregen Nolauschterer eng riseg Freed mat Haltung a gläichzäiteg ass Hunter de Versuch, mat eben dëser Haltung un déi grouss Mass ze kommen. E wierklech flotten Disque! Onbedéngt haart lauschteren.