"Phantasien einer Merkwürdigen", oder "Sound einer Widerspenstigen" sinn Iwwerschrëften, déi een zu der Sophie Hunger hirem neien Album ka liesen. Si fënnt sech selwer awer weder "merkwürdig", nach "widerspenstig". "Et fënnt ee sech selwer dach ëmmer dat Banaalst vun der Welt", seet d'Sängerin. "Wann ech Musek maachen, da probéieren ech net d'Realitéit z'imitéieren. Ech probéieren eppes z'erfannen, wat besser ass wéi d'Normalitéit." All Kënschtler wéilten hir eege Banalitéit iwwertreffen.
Berlin an d'Musek ophuelen
Op "Molecules" huet d'Sophie Hunger hire fréieren Instrumentarium mat Synthesizeren an Drum Machines ersat. D'Musek kléngt gläichzäiteg méi intimistesch, a méi atmosphäresch. De Grond: d'Musekerin ass op Berlin geplënnert, wou d'Leit Techno lauschteren, an et keng Band-Zeen gëtt.
"Ech wollt keen Tourist sinn. Ech wollt mech e bëssen an d'Stad integréieren an d'Stad a meng Musek ophuelen. Ech hu mech gefrot 'wat ass däitsch un dëser Musek'. Doropshin hunn ech Krautrock entdeckt, Bands wéi Tangerine Dream, an ech hunn ugefaange Synthesizeren ze kafen."
Si wier vun der Vergaangenheet bësse gelangweilt gewiescht, erkläert d'Sophie Hunger. D'Komponéieren um Computer huet hir besser gefall, wéi beim Piano oder bei der akustescher Gittar ze sëtzen. Wann ee "Molecules" lauschtert, ass een zum Deel ganz no bei der Musekerin. "Ech wollt keng Band hunn, an hu probéiert mech bëssen z'isoléieren. Sou wéi wann een an de Klouschter geet", laacht si. Den Album wier aus der Isolatioun entstanen.
Musek mat véier Elementer
Fir de Kompositiounsprozess huet d'Sophie Hunger sech en Dogma ginn. Véier Elementer huet si dierfe benotzen: "D'akustesch Gittar fir d'Vergaangenheet, programméiert Beats fir Berlin, Synthesizere fir Krautrock a meng Stëmm, dat sinn ech."
Och beim Schreiwe vun den Texter huet d'Musekerin sech Grenze gesat. Op hiren ale Placke fënnt ee Lidder op Englesch, Däitsch, Schwizerdütsch a Franséisch. "Molecules" ass ganz op Englesch. "Dat mat de ville Sproochen huet mech heiansdo e bëssen duerchernee gemaach." Well de Label an de Co-Produzent vun "Molecules" och Englesch sinn, hätt et einfach Sënn gemaach. "Dat heescht awer net, datt ech elo komplett kapituléiere virum angelsächsege Kulturimperialismus. Ech wäert sécher nees op Däitsch a Franséisch sangen."
Op der Bühn wäert een och nach al Lidder vun der Sophie Hunger héieren. Zum Beispill bei hirem nächsten Optrëtt zu Lëtzebuerg. Den 29. Oktober kann een d'Sophie Hunger an der Abtei Neimënster erliewen.
Lauschtert dat ganzt Gespréich