Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ José González: En delikate Sänger a Gittarist

Singer-Songwriter

José González: En delikate Sänger a Gittarist

De José González spillt den 23. Juli um Wëltzer Festival. De Sänger ass zemools fir seng minimalistesch Covere vu Stécker wéi "Teardrop" vu Massive Attack bekannt. Hie spillt zwar Indie-Folk, huet awer mat senge Lidder kommerzielle Succès.

auto_stories

3 min

Dem José González seng Musek géif een u sech net mam Genre "Hardcore Punk" verbannen. Seng musikalesch Carrière huet awer domat ugefaangen. Mat 25 huet hie sech dunn op d'klassesch Gittar konzentréiert, säi moderne Folk-Klang entwéckelt an doduerch seng Emotiounen op eng méi duuss Manéier ausgedréckt.

De gréissten Afloss op seng Gittar-Technik a Musek war de Silvio Rodríguez, ee kubanesche Singer-Songwriter aus de 60er a 70er Joren. "Seng Manéier fir Arpègen ze spillen huet mech immens inspiréiert. Hie war sécherlech kee Virtuos, mä et héiert een a senger Musek vill Detailer eraus."

Nylon als Markenzeechen

De José González schaaft mat senger waarmer Nylon-Gittar grouss Harmonien, iwwert deene seng melodiéis Stëmm schwieft. Hie schafft vill mat alternative Gittar-Stëmmungen an enger assuréierter Picking-Technik, déi un den Nick Drake erënnert.

Mat senger klassescher Gittar stécht de José González ënnert den Indie-Folk Museker eraus. Bei dësem Genre héiert ee meeschtens Gittare mat stole Säiten. "Et war dat Instrument, dat ech eben doheem stoen hat. Am Ufank hunn ech Beatles-Lidder op der Nylon-Gittar geléiert. Meng Léift fir dëst Instrument ass méi grouss ginn, wéi ech d'klassesch Gittar entdeckt hunn."

Wéi hie spéider op Tour gaangen ass, hätt hien entdeckt, datt d'Nylon-Gittare seng Nisch kéint ginn. Hien ass dem Instrument vun do un trei bliwwen, obschonns et schwéier gewiescht wier live e gudde Klang oder eng gutt Lautstäerkt z'erreechen, erkläert de José González.

"Iwwert d'Joren huet sech mäi Sound entwéckelt an ass mäi Markenzeeche ginn. Den duusse Klang an d'Dynamik vum Instrument hu mech schonn ëmmer ugezunn."

Just dräi Albumen a 14 Joer

Iwwert déi lescht 14 Joer huet de José González iwwerraschenderweis nëmmen dräi Albume verëffentlecht. Seng eege Stécker komponéiert hien an engem gemittlechen Tempo. Den argentinesch-schwedesche Museker spillt gär Musek vun anere Kënschtler, wéi zum Beispill vun Joy Division oder dem Kylie Minogue. An hie collaboréiert vill mat Interprete wéi Zero 7 oder Jori Hulkkonen.

Aktuell ass hie mat senger Solo-Musek ënnerwee a schafft un Arrangementer vun eelere Stécker, fir datt se live besser eriwwerkommen. Et géif also keng nei Musek ginn, mä vill nei Versioune vun ale Lidder, seet de Museker.

"Global Problemer, Wëssenschaft, de Verstand an och d'Manéier, wéi d'Iddie sech verbreeden - dat sinn Themen, déi ech immens interessant fannen. An och wéi Ideologien dem Mënsch säi Verhale beaflosse kënnen. Ech denken awer och vill iwwert d'Iessen no. Ech interesséiere mech fir d'Wëssenschaft vun der Ernährung a probéiere gären och verschidde Forme vu Faaschten aus, fir ze léieren, wéi een Effekt se op eise Kierper huet."

Op sengem Concert, den 23. Juli um Wëltzer Festival, wäert hien eleng spillen a Stécker vu sengen dräi Albume virdroen.