Radioen

On air

Webinar  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Hommage un de Jacques Brel

Brel revu

En Hommage un de Jacques Brel

"Ces Gens-Là" war e bekannten Albumtitel vum Jacques Brel aus de Mëtt siechzeger Joren. Ënner dem selwechten Titel koum kierzlech um Label Decca e Release eraus, deen 13 Nei-Interpretatioune aus dem Repertoire vum belsche Chansonnier proposéiert. Eng interessant, awer beileiwe keng einfach Entreprise.

auto_stories

4 min

Hat de Grand Jacques säi Lidd iwwer den Hafe vun Amsterdam éiere fir d'Marianne Faithfull geschriwwen? Schiel Fro, zouginn, de Brel hätt d'Englännerin wuel zäitlech kënne kennen, mee eng Zesummenaarbecht oder Gecovers gouf et awer ni - obwuel: wann een d'Interpretatioun vun der Marianne Faithful um Hommage-Album "Ces gens-là" héiert, da kéint ee sech esou en Hand-an-Hand vun hir an dem Jacques Brel scho virstellen. "Amsterdam" ass e Lidd, dat wéi gemaach ass fir esou eng rau a verliefte Stëmm, déi iwwer d'marins an d'morue, d'Houeren an d'Gesëffs an de Spelunke séngt.

Et ass de véierfache Grammy ausgezeechente Produzent Larry Klein, dee fir dësen Hommage un de Brel vill vu senge Kontakter aus der Musekszeen zesummekrut. De Klein, eng etlech Jore mat der Joni Mitchell bestuet, ass alles anescht wéi en Onbekannten am Produktiounssecteur.

Liicht jazzy ugehaucht

Gréisste wéi Herbie Hancock, Till Brönner, Tracy Chapman oder Holly Cole hu vu sengem Kënne profitéiert. Oder och zwou net-franséisch Interpretinnen, déi hie fir dësen Album konnt gewannen: d'Melody Gardot an d'Madeleine Peyroux, allebéid éischter Fan vun de méi luesen Téin, déi duerchaus bei dem Brel seng Texter passen.

Liicht jazzy ugehaucht kéint een als roude musikalesche Fuedem fir dësen Album huelen, deen net nëmmen den Titel vun engem Original Jacques Brel aus de Mëtt Siechzeger iwwerhëlt, mee och de Cover vum Album op eng originell Manéier nostellt: deemools de Brel eleng um Bild, am Bistro mat der onverzichtbarer Zigarett, Béierkréi op den Dëscher an engem ale Känki un der Mauer. Fir den Hommage dee selwechten Hannergronn, mee dës Kéier bal alleguer déi 13 Leit, déi hei matgemaach hunn, amplaz vum Belsch.

En Disk, dee gréisstendeels op Franséisch ass

Just der Marianne Faithful hiren ugespillten Titel ass op englesch, déi aner Dosen all op Franséisch, déi Sprooch, an där de Wuertakrobat a Poet Brel sech am beschte konnt ausdrécken. Seele geet de Rhythmus an d'Luucht ... wat am Fall vun der "Bruxelles"-Interpretatioun awer passt - esouwuel wat d'Kompositioun, wéi och d'Interpretin betrëfft. Dësen Hommage un dem Brel seng Gebuertsstad kënnt vun der Zaz, wibbeleg a beschwëngt, wéi ee si kennt.

Zu de weideren Interpreten, déi op "Ces gens-là" dobäi sinn, ziele Slimane a Bernard Lavilliers, Thomas Dutronc a Carla Bruni, och där, op d'mannst bausse Frankräich eng Grëtz manner bekannter a jonker, wéi Gauvain Sers oder Liv del Estal ... déi nach guer net op der Welt waren, wéi de Jacques Brel 1978 dës Welt verlooss huet.

Et ass keen einfachen Exercice

Op all Interpretatioun op dësem Hommage gelongen ass? Affaire de goût, wéi dat, besonnesch bei Nei-Interpretatiounen, ëmmer de Fall ass - d'Palett geet fir mech vun "geet esou" bis "duerchaus gelongen" ... et ass e schwéieren Exercice, sech un e Monument wéi de Brel ze woen.

A wann een dann, wéi de Claudio Capéo dat am Titelsong mécht, mengt et misst een d'Theatralik vum Brel kopéieren, dann zitt ee kloer de Kierzeren - wat och hei de Fall ass. Daum no ënnen dofir. Erfrëschend an ongewinnt dann awer, wann de franséische Rapper mat Mail-Hannergrond Oxmo Puccino 'Il nous faut regarder' verschafft - och hien een, dee gäre mat Wierder a Metaphoren agéiert, wat him jo och geleeëntlech de Bäinumm Black Jacques Brel abréngt - e gewoten Exercice, deen hei probéiert gëtt, den Text vum Lidd huet absolut Prioritéit ... Brel reloaded souzesoen, Millésime 2019.

"Ces gens-là" vereent um Label Decca 13 Succèse vum Brel: där ganz populärer wéi "Vesoul", "Quand on a que l'amour" oder "Ne me quitte pas", an dann där, déi een alt manner dacks héiert, den "Ivrogne", d'"Chanson de Jacky" oder "Les Vieux" an anerer méi.

Den Disk ass net iwwerdriwwen

De Larry Klein huet sech als Produzent bewosst zeréckgehalen, net mat Zockergoss oder Iwwerorchestratioun geschafft an all Interpret a sengem Stil schaffe gelooss. Ob jiddweree fir deen Exercice gëeegent ass, déi Fro loosse mir mol am Raum stoen.

Déi meescht Commentairen am franséischen Netz verwonneren dann och weider net, si gi vun "ennuyeux" an "décevant" bis "formidable" a "réussi". Iergendwéi schéngt dat mir d'Lous vun de meeschte Cover-Albumen ze sinn, an dëse Brel Hommage mécht do keng Ausnam.