Dat neit Instrument soll de Studente vum Stater Conservatoire Loscht maache fir drop ze spillen an hinnen de Sënn fir esou Instrumenter an och hir Spillweis méi no bréngen, seet de Marc Meyers. Awer net nëmmen. Hanner der Barockgei verstoppe sech nämlech e puer Gedanken, déi op en zukünftege Projet verweisen. Den Direkter hofft domat en zaarten Ufank a Richtung vun engem neien Departement kënnen ze woen: engem Departement fir Al Musek.
"Ech denken, datt Lëtzebuerg an där Hisiicht räif ass. No Versich, déi éischter op individueller Basis waren [...] denken ech, datt eben eng Institutioun wéi e Conservatoire do och soll e Partner sinn oder ginn."
Nach wier een net esou wäit, mee de Wonsch géif bestoen iwwer esou Initiative wéi d'Iwwerreechung vun der Barockgei lues a lues dat Departement beliewen ze kënnen.
En zaarten Ufank
Viru Jore well, hätt een am Stater Conservatoire probéiert mat verschiddene Modullen ze schaffen. Fir d'Ästhetik vun der Aler Musek an d'Gebai ze kréien, wieren zum Beispill Workshoppen a Masterclassen organiséiert ginn. D'Iwwerreechung vun der Barockgei beschreift de Marc Meyers als zaarten Ufank vun engem neien Departement. D'Grënnung dovu bräicht nämlech eng aner Dynamik, wéi wann ee just en eenzelt Fach géif bäisetzen.
Op där enger Säit huet sech déi Al Musek, respektiv déi historesch informéiert Interpretatioun dovun well fest an de Concertshaiser etabléiert. Op där anerer Säit wier se awer net an alle Schoule vertrueden, well se eng "special care" an der Pädagogik bräicht, seet de Marc Meyers. D'Roll vum Conservatoire besteet hei am Opmaache vun neie Méiglechkeete fir d'Schüler.
"Ech mengen e Conservatoire sollt probéieren, eben an esou enger Pluralitéit déi verschidde Facetten duerzestellen, an dann déi Jonk ze encouragéieren, fir do, wou si wierklech d'Gefill hunn, datt si doheem kéinte sinn, och ze encouragéieren, doran hir Studie weiderzemaachen."
Al Musek
Ënner dem Begrëff "Al Musek" ginn déi verschidde Museksstiler vum Mëttelalter bis zum Enn vum Barock (1750) regroupéiert. An engem Departement fir Al Musek geet et drëm ze léieren, wéi een dës Kompositiounen op historeschen Instrumenter (oder Nobauten) esou interpretéiert, wéi se och fréier gespillt goufen.