Radioen

On air

Espresso Beats  |  Black Pumas - Gemini Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En originellt an eegewëllegt Destillat

Sophie Hunger - Molecules

En originellt an eegewëllegt Destillat

Krautrock amplaz Chanson, Techno amplaz Walzer - sou kléngt deen neien Album vun der schwäizerescher Sängerin Sophie Hunger. Stilistesch an textlech ass si manner breet opgestallt wéi op hire sechs viregte Wierker. Trotzdem ass "Molecules" hire bis elo beschten Album.

auto_stories

2 min

D'Sophie Hunger. Foto: Marikel Lahana.

D'Sophie Hunger huet dee ganzen iwwerflëssege Ballast, dee si bis elo mat sech ronderëm geschleeft huet, iwwer Bord gehäit. Amplaz op véier verschiddene Sprooche séngt si elo just nach op Englesch, an amplaz vun enger ganzer Rockband mat Bléiser huet si just nach eng Drum Machine an e Synthesizer am Réck. An doduerch kritt hir Musek Déifgang wéi nach ni.

Techno a Krautrock

Wat ass geschitt? Wouhier dee Sënneswandel vun der Sophie Hunger. Si ass op Berlin wunne gaangen, koum do mat Techno a Kontakt, huet ugefaange sech fir Krautrock z'interesséieren, an huet sech elektronesch Museksinstrumenter kaaft. Dat kéint tendenziell no previsibelem Elektro-Pop kléngen, deen ëm all Präis probéiert hip ze sinn. Ass et awer net.

D'Sophie Hunger huet hir Erfahrunge mat elektronescher Musek an en originellt an eegewëllegt Destillat verschafft. Et ass nach ëmmer 100 Prozent Sophie Hunger, just an engem neien, vläicht ongewinnte Kleed.

Dat volkstümlecht, bësse verstëbst huet si ofgeluecht. Déi komesch Momenter si fort, wou een net wousst, ob et Persiflage, Kritik oder e stilistesche Faux pas wier. Endlech manner Chanson a kee Walzer méi, an endlech méi Pop.

Et ginn e puer wierklech grouss Pop-Momenter, wéi bei der Single "Tricks" op "Molecules". Awer déi meescht Stécker sinn éischter kleng, bescheiden Tableauen, an deenen d'Sängerin sech enger déiwer Melancholie hi gëtt.

"Molecules" ass deen intimisteschsten Album vun der Sophie Hunger. Nach ni konnt ee sou no bei hir sinn. E wier aus der Isolatioun eraus entstanen, seet si. Ouni Band, ouni aner Museker, hätt si geschriwwen. Bësse wéi an engem Klouschter.

D'Produktioun vu "Molecules" ass immens subtil. D'Stëmm steet ëmmer am Mëttelpunkt, an trotz elektronescher Instrumenter kléngt den Album organesch. Och de Sounddesign ass bescheiden a kënnt mat einfache Mëttelen aus.

D'Sophie Hunger wollt keen Tourist sinn zu Berlin. Dat ass hir gelong. Si traitéiert den elektroneschen, däitschen Heritage mat groussem Respekt. Duerch déi méi schmuel stilistesch Palette an d'Ewechloosse vum Däitschen a Franséische kënnt méi eng kloer artistesch Visioun zum Virschäin, an d'Musek huet einfach méi Déifgang.