Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Anna St. Louis - Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En typesche schwaarz-wäissen Album

Bob Dylan - Slow Train Coming

En typesche schwaarz-wäissen Album

Dem Bob Dylan säin 19. Studioalbum ass ee vun deenen, déi am meeschten diskutéiert gouf. Net nëmmen am August '74, wéi en erauskoum, mee bis haut. Zesumme mat den zwee Wierker, déi den Dylan dono erausbréngt, "Saved" a "Shot of Love", ergëtt "Slow Train Coming" eng Trilogie, an där de Museker just nach reliéis Theme komponéiert.

auto_stories

5 min

De Robert Zimmerman, am jiddesche Glawen opgewuess an erzunn, wiesselt iwwer zum Chrëschtentum - an zwar intensiv. Alles séngt hien net méi, sträicht Lidder an Texter mat weltlechen Themen aus sengem Repertoire, speziell bei de Concerten. Fir hie ginn et just nach Lidder "given to me by the Lord', esou den Dylan.

Jesus als Inspiratioun

Kee Wonner, datt dëse Reliouns- a virun allem de Repertoire-Wiessel fir méi wéi eng Schlagzeil suergt, an der Press wou vum Bob Dylan um Jesus-Trip rieds geet, dann awer och bei de Fans, déi gespléckt sinn iwwer deen neien Dylan - vill sprangen der of, et kommen awer och neier dobäi. Där, déi vum reliéise Poet begeeschtert sinn an him op der Tournée vu sechs Méint uechter d'States zoujubelen.

Fir et mat engem ale weltlechen Titel vun his Bobness ze soen: "The Times They Are A -Changing".

En neie Bob Dylan um Album "Slow Train Coming" am Juni 1974 - een, dee sech wuel och Gedanke gemaach huet iwwer seng siwwenzeger Wierker, déi allgemeng negativ Kritike kruten, déi vun engem Dylan ouni all ze vill Inspiratioun an Energie schwätzen. Esouwuel säi Museksfilm "Renaldo And Clara" mat him an der Joan Baez als Haaptprotagonisten a besonnesch de "Live At Budokan"-Album, allebéid aus dem Joer virdrun, ginn an den USA zerrass.

Do kënnt een da wuel an d'Nodenken. Déi chrëschtlech Inspiratioun an d'Figur Jesus wieren him op enger Tournée am texaneschen Tucson, a sengem Hotelszëmmer, begéint, erkläert de Museker. Zitat Dylan: "Jesus put his hand on me. It was a physical thing. I felt it. I felt it all over me. I felt my whole body tremble."

Esou getraff schléisst hie sech der amerikanescher born-again-Beweegung un, Mënschen, déi souzesoen nei gebuer goufen an an hirem neie Liewen Jesus entdecken an un hie gleewen.

E skeptesche Produzent

Fir säi reliéisen Album "Slow Train" opzehuelen, bleift de Bob Dylan wuel bei senger Plackefirma Columbia, sicht sech awer nei Produzenten eraus, den Duo Barry Baxter a Jerry Wrexler, déi u sech fir méi soulege Südstaate-Sound stinn a mat hirem Muscle Shoal-Studio am Bundesstaat Alabama dee Moment total in sinn. Esou eppes wëllt den Dylan, net awer de Wrexler, de Mann, dee mat Led Zeppelin schafft, mat Aretha Franklin, Wilson Pickett oder Aretha Franklin.

Wéi den Dylan un de Wrexler eruntrëtt an him vu sengem reliéise Projet schwätzt, schléit deen L.A. als Studioplaz vir, den Dylan lieft an deem Moment do. Et gëtt spekuléiert, datt dem Jerry Wrexler, Judd wéi den Dylan, mee de Prototyp vum iwwerzeegten Atheist, déi ganz Saach wuel ze riskant erschéngt an dem gudden Numm vu sengem Studio schuede kënnt, och well den Dylan Jenni a Menni, Wrexler inklusiv, permanent vu sengem neie Glawe wëllt iwwerzeegen.

"Let's just make an album Bob", seet de skeptesche Produzent, net méi a net manner.

E weltwäite Succès

"Slow Train Coming" gëtt en erfollegräichen Album, trotz den exklusiv déif reliéisen Texter, déi do opdauchen - dat ass ongewinnt fir den Dylan - an trotz dem Museker sengem missionareschen Äifer, mat deem hien op der uschléissender Albumtour priedegt. Déi nei Energie, déi de Museker undreift, kënnt beim Publikum un, och an der Vente, gëtt eng Nummer dräi a senger Heemecht, eng zwee op der britescher Insel, eng eent an Australien.

Speziell an England si se erstaunt iwwer de Gittarist, deen op "Slow Train Coming" zum Asaz kënnt an der éischter, méi rudimentärer Gittarekonscht vum Bob Dylan, gutt zu Gesiicht steet: et ass de Mark Knopfler. Haut e Superstar, deemools mat just engem Dire Straits-Album am Bagage, dee mam Megahit "Sultans Of Swing", den zweeten, "Communiqué" steet viru senger Sortie. De Knopfler seet sech spéiderhin och erstaunt iwwer deen neie reliéisen Dylan - och hie kennt deen als Protestler aus de Sixties an als een, deen an de Siwwenzeger éischter more Kascht bitt. Eng Ikon an eng Referenz fir e jonke Museker ass hien trotzdem bliwwen.

A propos erfollegräichen Album: een Titel doraus, "Gotta Serve Somebody" kritt d'Joer drop e Grammy als - schonn e bëssi erstaunlech - best rock vocal performance by a male.

Den Ufank vun enger Trilogie

Mat "Slow Train Coming" a sengen exklusiv reliéisen Texter betrëtt deen zum Chrëschtentum iwwergetruedene jiddesche Museker Bob Dylan en neien Terrain, deen him zouseet, well dësen Album muss mat sengen Nofolger "Saved", also "gerett" a "Shot Of Love" als Trilogie ugesi ginn.

"Slow Train Coming" bleift, trotz gudder Vente a ganz flotte Bléiser-Arrangementer, en typesche schwaarz-wäissen Album, een dee spléckt, een, deen een entweder begeeschtert an dofir ass oder enttäuscht an dogéint - speziell bei engem Textakrobat wéi dem Dylan, wou d'Wierder ëmmer virun den Noute stinn. An dës Wierder sinn hei eben déi vum chrëschtleche Glawen. Ob elo am liichte Rock, Gospel oder Reggae a Groove zerwéiert.

De reliéisen Äifer vum Bob Dylan dauert bis Mëtt 1983, ironescherweis dréit den Album, deen dann no der Glawens-Trilogie vun him erauskënnt den Titel "Infidels", also "ongleeweg". Hei geet et dann erëm ëm Léift, gebrachen Häerzer, awer och ëm Ëmwelt a Politik. D'Welt huet vun do un deen alen Dylan erëm.