Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Energie an Direktheet

Red Hot Chili Peppers - Mother's Milk

Energie an Direktheet

"Mother's Milk" koum de 16. August 1989 eraus an ass de 4. Studioalbum vun der kalifornescher Crossoverband Red Hot Chili Peppers. Deen éischte melodeschen Album vun der Band, gëtt dacks gesot, wat an dësem Fall op den Afloss vum neie jonke Gittarist, dem John Fusciante zeréckzeféiere wier.

auto_stories

5 min

Nom trageschen Doud vun hirem Gittarist Hillel Slovak un enger Heroin-Iwwerdosis haten d'Chili Peppers verschidde Line-Ups probéiert, mee zefridde waren si eréischt mat dem jonken Teenager, deen e risege Fan vun der Band war.

De Gros vun de Songs war scho geschriwwen, wéi d'Studiozäit ugefaangen huet. De Fusciante huet fläisseg dobäi erfonnt an alles wier wonnerbar gewiescht, wann net de Produzent Michael Bleinhorn op en Hit insistéiert hätt. Der Band war et vill méi wichteg, datt de Fusciante de Sound vun der Band weiderbruecht huet. Melodien, Harmonien a Songstrukture ware méi komplex am Verglach zur Band hiren éischten, Rhythmus-baséierte Placken.

Den Doud vum Slovak, deen d'Band devastéiert hat, war d'Thema vun "Knock Me Down", deen éischte wierklech introspektive Red Hot Chili Peppers Song, an déi éischt Single zur Plack.

Den Afloss vum neie Gittarist

D'Iddi vum Duerchbroch louch an der Loft. Och d'"Educatioun" vum neien, jonke Gittarist John Fusciante, op déi den Albumtitel wahrscheinlech Referenz hëlt, war en Deel vun der Experienz. Schei war hien net beim Opsuckele vu senger éischter Mammemëllech, de jonke Fusciante, well mam Produzent Michael Bleinhorn krut hie sech direkt e puer Mol an d'Hoer. Vum Label Warner Bros. sengen Duerchbrochshoffnunge fir d'Chili Peppers befeiert, wollt de Produzent de Sound propper halen, an en Ligne mat deem, wat déi jonk déi Zäit gelauschtert hunn. Idealerweis ee College Rock oder heavy Metal Sound op de Säiteninstrumenter, deen aus de bis dato folkeg-rappege Chili Peppers esou richteg Bad Boys fir de Grand Public maache sollt. Wa mir eis "Mother's Milk" haut ulauschteren, dann huet de Produzent um Enn Recht behalen a sech duerchgesat. Déi meescht Gittareriffs op "Mother's Milk" klénge wéi op engem Heayy-Metal-Album an och déi sëllechen Overdubs, wann och déi eenzeg Manéier fir de jonke Fusciante hei an do eppes ënnerzekréien, hëllefen net grad dobäi, en authentesche Sound ze schafen.

Den ënnerkillte Sound mécht hir Plack eenzegaarteg

E Kompromëss sollt et um Enn trotzdeem bleiwen. Well no fënnef haarde Joren, Line-Up Debakelen an dem trageschen Doudesfall waren d'Chili Peppers no "Mother's Milk" endlech méi wéi just eng Sensatioun an hirer eegener Heemechtsstad - schreift den Auteur Jeff Apter. Eng Reprise vum Stevie Wonder sengem Hit aus de 70er, "Higher Ground", encapsuléiert der Band hir Ambitioun genee esou wéi hire Wëllen, sech selwer trei ze bleiwen - ee Balanceakt, deen d'Chili Peppers, wéi mir se haut kennen, ervirbruecht huet, och déi Band, déi een Album méi spéit mat "Under the Bridge" sollt um europäesche Kontinent nei Fans fannen.

Wann der Iech beim Lauschtere vun "Higher Ground" wënscht, dem Flea seng Slap Bass hätt een e wéineg méi waarme Sound, genee wéi dem jonke Fusciante seng Gittarenaarbecht, da si mir eis eens. Mee den ënnerkillte Sound vu "Mother's Milk" mécht dës Plack bis haut eemoleg an hirer Diskographie, an hëlt näischt ewech vum exzellente Songmaterial, deen d'Plack auszeechent. Vläicht war déi kleng Concessioun un de Succès jo um Enn wierklech dat, wat eis déi lescht 30 Joer Red Hot Chili Peppers iwwerhaapt erméiglecht huet.

Opstig an de Mainstream

An der Los Angeles-Zeen als Fils an als Lotharioe bekannt, huet d'Plack d'Band aus dem Kuriositéitekabinett direkt an de Mainstream gehuewen.

Den Album selwer ass bis op Chartpositioun 52 komm, mee et waren haaptsächlech "Higher Ground" an déi original Single vun der Plack, "Taste the Pain", déi den Chilis hir Reputatioun zementéiert an hire Funk-Rock-Strëch-Hiphop Crossover Sound un de Mann bruecht hunn.

Dëst lescht Lidd war an engems dat éischt, dat d'Band mam John Fusciante op der Gittar opgeholl hunn a koum op d'Plaz 29 vun den amerikaneschen Charts. Et kann een also wuel vun engem groussen Duerchbroch schwätzen. De Song gouf am Film "Say Anything" gebraucht, an deem, Hollywood Connection oblige, dem Sänger Anthony Kiedis seng deemoleg Frëndin, Ione Skye, matgespillt huet.

D'Explosioun vun der Band als Mediephenomen sollt grad dem jonke Fusciante spéider Problemer bereeden. Den Nofolger vun eisem Déjà Vu Album, "Blood Sugar Sex Magic", deen nach eemol ëm villes méi erfollegräich war, sollt dëst op tragesch Manéier weisen, wou de Fusciante bal sengem Virgänger säi Schicksal gedeelt hätt.

Energie an Direktheet

An der Press gouf "Mother's Milk" vill gelueft. De Steve Morse vum Boston Globe huet de Stil op der Plack als eng héich energetesch Fusion vu Metal, Funk a Rap beschriwwen, e bësse wéi wann de Prince an den Jimi Hendrix sech an der Twilight Zon iwwer de Wee gelaf wieren. Den Toronto Star huet souguer fonnt, d'Chili Peppers wieren déi nei Mothers of Invention.

D'Referenz un den Jimi Hendrix ass dobäi net ganz onschëlleg, well nieft dem Stevie Wonder sengem "Higher Ground" coveren d'Chili Peppers op "Mother's Milk" och de vergëtterte Gittarevirtuos mam Titel "Fire". De Robert Christgau, Kritiker an der Village Voice an eng vun de respektéiertste Stëmmen am amerikaneschen Indie-Museksjournalismus, fënnt awer, datt et un der Exekutioun happert.

"All déi Punks, déi deemools de P-Funk gären haten, profitéieren elo endlech vun hirem gudde Goût, an och wa verschiddener hinnen eng gewëssen Onéierlechkeet virwerfen, ass de Problem fir mech an der Ausféierung. Si haten einfach net dat néidegt Spill an datt si d'Gittar sou wäit am Virdergrond haten, mécht dat Ganzt just nach méi cru."

Kloer, et ass net dem Hendrix seng Versioun. Mee et ass awer och méi wéi just een Hutt-Zéien. Een Hendrix-Fan appreciéiert meeschtens och Energie an Direktheet, an där kritt een der genuch op "Fire", an op "Mother's Milk" am Allgemengen!