Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Jogging

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Amerikanerin séngt Pop op Berliner Techno-Label

Sophia Kennedy

Eng Amerikanerin séngt Pop op Berliner Techno-Label

D'Sophia Kennedy verëffentlecht e maitriséierten éischten Disk. Hëllef krut si vun engem etabléierten däitsche Museker. Et gëllt, déi jonk Sängerin am Aen ze halen. Wie weess, wat do nach kënnt.

auto_stories

3 min

Berlin huet eng laang Traditioun a Saachen elektronesch Musek. Virun allem zanter de leschte 15 Joer. Zwee vun de kommerziell, a gläichermoossen artistesch erfollegräichste Labelen aus dëser Period sinn engersäits "Monkeytown Records" an anerersäits "Pampa Records", de Label vum ënnert anerem "DJ Koze". Déi zwee Betriber hu sech iwwert Joren en Numm gemaach, mat immens produzéiertem bass-duerchtränktem Techno, deen a senger Produktioun ëmmer nees erausgestach huet an erëm z'erkenne war.

D'Pop-Sensibilitéite ware bei aller Häert am Sound awer ze spieren. Bei "Pampa Records" gesäit et dono aus, wéi wa si mam Sophia Kennedy een Héichpunkt erreecht hätt

2013 déi éischt Kollaboratioun

D'Sophia Kennedy, eng gebierteg 27 Joer jonk Amerikanerin, lieft zanter laangem an Hansestad Hamburg. Eigentlech ass si dohi gaange fir Film ze studéieren. Si ass awer iergendwann an d'Musek gefall a verdéngt zanter enger Zäitchen hiert Brout als Komponistin bei Theaterprojeten.

D'Welt ass kléng, an och d'Musekszeen zu Hamburg. An d'Kontakter sinn eenegermoosse séier geknäppt. 2013 stoung eng éischten Zesummenaarbecht mam Carsten Erobique Meier virun der Dier. D'Weeër mat anere Gréissten aus der Hamburger Zeen ware just eng Fro vun der Zäit. Wéi d'Kennedy dunn zwee Gräpp voll Songs fäerdeg hat, ass de Mense Reents dobäi gestouss. Hien ass bekannt ënner anerem duerch seng Aarbecht bei "Die Goldenen Zitronen" an "Die Vögel". Hei stellt hie sech als Geeschtesbrudder vum Kennedy eraus, dee mat senger Produktioun d'Visioun vun der Musekerin ënnersträicht.

Eng Rëtsch u Genren

Et klackert, klappert, schäppert, quiikt a krächzt op eelef Lidder. D'Zesummenaarbecht mam Reents erweist sech als absolute Gléckstreffer, well him ass d'Gefréckels alles anescht wéi onbekannt. A fréckelen däerf hie mam Kennedy, an zwar direkt duerch eng ganz Rëtsch vu Genren. D'Produktioun däerf ënnert deem Bléckfeld vläicht dru leiden, wann och am gudde Sënn, mee dat grousst Ganzt dréit sech ronderëm eppes Aneres.

Déi wonnerbar Stëmm vum Sophia Kennedy gëtt den Toun vir. Mol déif, mol kristallin, a beaflosst op all Song de Sound. Esou treffen dem Kennedy seng Wuert-Kaskaden op verschiddene Songs op fragmentéiert Piano-Akkorden, déi an hirem minimalisteschen Usproch d'Musek zu eppes Groussem wuesse loossen. D'Musekalitéit, am Wuert ewéi och am Sound, gëtt hei fonnt.

Musek fir sech schwätze loossen

D'Referenzspill an der Stëmm a Musek kéint ee spillen. Mee dat ass esou disparat an ëm dräi Ecken ze denken, datt et ouni Problem geet, d'Musek fir sech schwätzen ze loossen. Ouni sech ze vill Gedanken iwwert Aflëss ze maachen. Bei aller Konscht an Experimentéierfreed ass dësen éischter "Singer- a Songwriterdisk" vu Pampa onmoosseg "catchy" an "easy going". En erschreckend assuréierten éischte Worf vun enger Kënschtlerin, op déi een an Zukunft besser huet opzepassen. Wie weess, wat do nach alles kënnt.