De Virus ass Schold un allem, seet de Serge Tonnar. Wéi d'Kulturhaiser hir Dieren zougemaach hätten, hätt hie séier iwwerluecht, wat een elo fir d'Bünekonscht kéint maachen.
"All déi Kënschtler, Schauspiller, Museker, déi vun der Bün liewen, si vun haut op muer aarbechtslos", seet de Serge Tonnar.
Live an direkt
Och hie selwer hätt sech Gedanke gemaach, wéi hie weider kéint schaffen. Sou wier d'Iddi komm, datt all participéierend Kënschtler eng Performance doheem aus der Stuff live streamen.
Et wier wichteg, datt et live wier, well genee dee Volet géif elo feelen. Bicher kéint een nach liesen an Albume kéint ee lauschteren, awer de Liveaspekt vun der Bünekonscht wier fort. Do gehéiert d'Musek dozou, mee och "Liesunge vun Auteuren, oder kleng Theaterstécker, Programmer fir Kanner, Danz eventuell, ..." D'Initiativ wier op fir alles, wat soss op enger Bün geschitt.
Fir jonk an al
Den Optakt mécht haut den Owend um 20 Auer de Pianist Jean Muller, dee bekannte Wierker vu Chopin, Mozart a Beethoven interpretéiert.
E Mëttwoch ass et um Acteur Steve Karier. Hei heescht et "Karier liest Kafka". Um Donneschdeg Owend séngt de Georges Urwald um Piano al Lëtzebuerger Lidder. Dat géif sech u jiddweree riichten, awer besonnesch och un eeler Leit, déi isoléiert wieren.
E Freideg den Owend séngt de Serge Tonnar seng eege Lidder, an e Samschdeg um 6 Auer liest de Roland Meyer aus senge Kannergeschichten.
40 Performancë geplangt
De Kulturministère hätt séier an onkomplizéiert reagéiert, seet de Serge Tonnar. Zéng Minutten no senger Email hätt hien d'Kulturministesch Sam Tanson um Telefon gehat. "Si huet proposéiert, datt mir dat mat eisem Kënschtlerkollektiv Maskenada maachen. Dat heescht mir kréien en extrae Budget zu eiser Konventioun dobäi, fir dat hei duerchzezéien."
Et hätt een e Budget fir 40 Performance kritt. Et wier him wichteg gewiescht, datt déi Kënschtler och bezuelt géife ginn, seet de Serge Tonnar. "Fir all déi Fräischaffend ass einfach kee Verdéngscht méi do.
Nomaachen erwënscht
De Serge Tonnar appelléiert och dozou, seng Initiativ nozemaachen. "Erfannt nei Weeër, iwwer den Internet Kultur a Konscht ze maachen. Déi Iddi däerf a soll kopéiert ginn."
D'Facebooksäit: https://www.facebook.com/liveausderstuff/