Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Big Moon - Your Light (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Camionette en Panne an de Museksgoût vum Tournéeschauffer

Operators iwwer "Radiant Dawn"

Eng Camionette en Panne an de Museksgoût vum Tournéeschauffer

Mëtten an hirer Tour duerch Europa sinn Operators am Gudde Wëlle gelant, no enger Pann mat der Camionnette an, anscheinend, ze vill Bloodhound Gang op den Oueren.

auto_stories

2 min

Den Dan Boeckner, d'Devojka an de Sam sinn eng Band, déi sech net einfach esou zesummesetzt an ee Song schreift. "Mir sammelen Andréck, Brochstécker, Wierder a versuerge se, fir se an de Prouwen zesummenzebréngen. Op Tour sinn et just d'Soundchecks, an deenen ee klenge Moment vun neier Improvisatioun stattfënnt, fir de Rescht hu mir et léiwer méi roueg, fir Musek ze schreiwen."


De ganzen Interview mat Operators lauschterenplay_arrow


D'Plack "Radiant Dawn" dréit d'Zeeche vun dëser Sich no Authentizitéit. Textlech geet den Album an op dystopesch Potentialer, déi an der Loft leien, an déi dem Dan Boeckner no mat technologeschen Ëmbroch an zesummebriechende Sozialnetzer ze dinn hunn. Dat kléngt konzeptuell, mee Operators bréngen et fäerdeg, och seriö Ausernanersetzungen an eng konkret Tounstëmmung ze verwandelen, a si mat räichem Gefillsausdrock op de Buedem ze bréngen. An op d'Bühn.

"Anywhere is a nowhere place it seems", séngt de Böckner op der Single "Faithless", a bezitt sech domat ënner anerem op déi Plazen, déi hien op Tour gesäit. "An all Stadzentrum ass een H&M an déi selwecht Firmen. D'Gebaier sinn esou vun der Funktioun diktéiert, datt ee sech schlecht spiert", erzielt hien nom Interview.

D'Fro no deem, wat si selwer lauschteren, wa si ënnerwee sinn, huet eng länger Diskussioun iwwer de Museksgoût vun hirem Chauffer ausgeléist: "Ech hoffen, dat beaflosst eis nächst Plack net".