Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Strauss a Schmidt: Eng Entdeckung

Klassik-CD vun der Woch

Strauss a Schmidt: Eng Entdeckung

Eis Klassik-CD vun der Woch kënnt vum Label MDG, mat zwee onbekannte Wierker. "Festliches Präludium" vum Richard Strauss an dem Franz Schmidt seng zweet Sinfonie. Den Beethoven Orchester vu Bonn mam Dirigent Stefan Blunier sinn déi ideal Museker a proposéieren eng brilliant Interpretatioun vu Wierker déi een entdecke soll.

auto_stories

2 min

"Festliches Präludium" vum Richard Strauss, gëtt nëmme seelen opgefouert. Et ass entstanen als Commande fir d'Aweiung vum Konzerthaus Wien fir den 19 Oktober 1913.

Besonnësch stécht d'Introduktioun mat enger Uergel eraus, déi spéider vun engem Orchester ofgeléist gëtt. E Präludium vu ronn zwielef Minutten dat net nëmmen festlech kléngt, mee och monumental orchestréiert ass.

D'Wierker vum Stéck, an deem verschidde Motiven optauchen, ass éischter melodesch gehalen.

Schmidt, de leschte Komponist aus enger Wiener Traditioun

De Franz Schmidt ass wuel bestëmmt dee leschten Ierwen vun der Wiener Traditioun vu Brahms, Bruckner a Mahler. Zur Zäit wou eng zweet Wiener Schoul sech grënnt, ass de Franz Schmidt nach dee Leschten zu Wien den eng Sinfonietraditioun an enger Aart Fréi-Postromantik weiderfiert. Souguer de Mahler hat de Franz Schmidt als de musikaleschste Mann vu Wien bezeechent. De Komponist war eigentlech een Cellist bei de Wiener Philharmoniker, a spéider Kompositiounsprofesser an der Wiener Akademie.

Seng zweet Sinfonie, wéi dem Strauss säi Präludium, kënnt aus de Joren 1911 an 1913.

D'Stéck wäert virun allem Nolauschterer gefalen, déi grouss orchestréiert Musek gären hunn. Interessant ass zemools den zweete Saz, een "Allegretto con variazioni", an deem d'Thema ganz subtil an elegant a kuerze Miniaturen, variéiert.

De leschte Saz endegt d'Sinfonie mat engem triumphale Schluss, tonal, mat räichen Harmonien a postromantesche Klangfaarwen.