Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Freed fir Tocotronic Fans

Aus dem Dachsbau

Eng Freed fir Tocotronic Fans

De Sänger vun der däitscher Rockband Tocotronic, Dirk von Lowtzow, huet e Buch geschriwwen. Eegenen Aussoen no ass et "autofiktional". Den Yves Stephany huet "Aus dem Dachsbau" gelies.

auto_stories

3 min

Den Album vun Tocotronic "Die Unendlichkeit" huet d'lescht Joer net just de 25. Anniversaire vun der Band markéiert. Et war och eng Zort autobiographesche Réckbléck. De Sänger Dirk von Lowtzow huet sech manner abstrakt gewisen, wéi op deenen eelef Longplayere virdrun. Seng Texter haten ëmmer als Qualitéit, datt se vill Interpretatiounsspillraum an eng grouss Projektiounsfläch gebueden hunn. "Die Unendlichkeit" war méi konkret. Et goung virun allem net ëm fiktional Personnagen, mee ëm dem Dirk von Lowtzow seng eege Kandheet, Jugend a Carrière.

"Niewebäi entstanen"

D'Texter, déi elo op 180 Säiten a Buchform publizéiert goufen, wiere quasi beim Schreiwe vum Album niewebäi entstanen, erkläert de Sänger (an elo eben och Auteur) virun zwou Wochen am Schluz- a Böhmermannsche Podcast "Fest und Flauschig". Et wier him éischter geschitt, wéi datt hien et bewosst gemaach hätt.

A sou kritt den Tocotronic-Lauschterer dann och schonn direkt op der zweeter Säit de Kontext vun deem schéinsten an trauregste Song um Album. De jonken Här, dee stierft ass den Alexander - e Kandheets- a Jugendfrënd vum Dirk von Lowtzow, dee mat him a senger éischter Band gespillt huet a spéider fir eng Zäit sollt Manager vun Tocotronic sinn, bis en onerwaart a séier un engem Gehirtumor gestuerwen ass.

D'Passagen iwwer den Alexander si sober an onpoetesch formuléiert, ganz am Géigesaz zu aneren Episoden. Dacks huet een d'Gefill, de Rapport vun Dreem vum Dirk von Lowtzow ze liesen, oder Erënnerungen, déi am Laf vun de Joerzéngten zu fantastesche Comic-aartege Geschichte mutéiert sinn. Ëmmer nees kommen Déieren zu Wuert, zum Beispill en Nascht voller Meesen um Museker sengem Balcon, déi hie bei enger Gesanksprouf begéint, an déi him Passagen aus "Bis uns das Licht vertreibt" virsangen. Niewent senger Wunneng spille vill vun den Episode sech an Espacen of, déi tëschent allem leien: No man's lands, Parken, Raststätten, Foussgänger-Tunnelen, Parkplazen, a sou weider. De Set ass dacks onspektakulär, de Kontext nach manner, awer ëmmer entsteet eng Spannung an eng Geschicht.

Schrëftsteller vs. Songwriter

Sproochlech ass de Schrëftsteller von Lowtzow eng Grëtz manner op de Punkt, wéi de Songwriter. Ob een déi zwee matenee sollt vergläiche sief dohigestallt. Awer d'Magie, déi an de Lidder quasi ëmmer present ass, vermësst een a munchen Textpassagen.

"Aus dem Dachsbau" ass eng Sammlung vu kuerzen Texter, déi no den Iwwerschrëften alphabetesch geuerdent sinn. A priori gëtt et keen Zesummenhang tëschent deenen eenzele Geschichten, an dach réckele se am Laf vum Liesen zu engem Ganzen zesummen. Tëschent de Prosa-Texter sinn och kuerz Gedichter, Fotoen an Zeechnungen.

Fir Tocotronic Fans, an nëmme fir déi

D'Buch ass sécher wäertvoll fir Tocotronic Fans. Et gëtt ee villes gewuer iwwer de Kontext oder d'Geschicht vu verschiddene Lidder oder Albumen. Ëmmer nees trëfft een op Zeilen, Zitater a Fatzen aus Songs vun der Band, an op popkulturell Referenzen an Uspillungen, déi och en Afloss op d'Musek dierfte gehat hunn. Awer et ass keng Enzyklopedie, an et gëtt och zu kengem Moment de Mythos vun Tocotronic a Gefor bruecht. Dat Obskuert, wat der däitscher Band zu hirem Kultstatus verhollef huet, ass hiert Kapital. Däers ass sech de von Lowtzow bewosst, dofir gëtt et just souvill Metainformatiounen, wéi hien et zouléisst. De Rescht ass, wéi hie seet, "Seemannsgarn".

Fir Leit, déi Tocotronic guer net kennen, ass "Aus dem Dachsbau" éischter manner ze recommandéieren. Fir si ass d'Musek eng besser Entrée an den Universum vum Dirk von Lowtzow.