Radioen

On air

Notturno  |  Little Simz - Angel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng grouss Onsécherheet

Concertsberäich

Eng grouss Onsécherheet

De Michel Welter weess net, wéi laang den Atelier et nach als Organisateur vu Concerte kéint packen. De Gerant vun "A promotions" rechent domat, datt eréischt 2022 eng normal Aktivitéit kéint erreecht ginn.

auto_stories

2 min

Am Concertsberäich géif et eng grouss Onsécherheet ginn. "Ech weess net genee, wéini mer wat fir eng Aktivitéit erëm kënnen ufänken."

Fir dëst Joer rechent den Atelier mat engem Réckgang vun den Aktivitéiten ëm 86 Prozent. An den nächste Woche wieren zwar e puer kleng Concerte geplangt, déi wieren awer éischter als Liewenszeechen ze verstoen. E rentabelt Geschäft wier dat net, seet de Michel Welter.

"Et ass eng Aktivitéit, déi mir awer wëllen ubidden. Vum finanzielle Point de vue brauche mir guer net dovun ze schwätzen, et ass fir eis absolut net rentabel, bien au contraire, mir leeën do Suen drop. Mee et ass einfach ee klenge Schrëtt, dee mir wëlle maachen, an e Semblant vun enger Normalitéit."

Concerten an engem kontrolléierten Ëmfeld

De Michel Welter vum Atelier begréisst d'Iddi vun der Kulturministerin fir an engem kontrolléierten Ëmfeld ze testen, ënner wéi enge Konditiounen een och a Corona-Zäite gréisser Concerte kéint organiséieren. D'Sam Tanson hat de leschte Méindeg Iwwerleeungen an déi Richtung confirméiert.

Generell wier fir hien als Concerts-Organisateur all Schrëtt wëllkomm, deen zeréck an d'Richtung vun enger méiglechst grousser Normalitéit géif féieren. Ideal wier natierlech, wann enges Daags e Schnelltest op de Maart kéim, mat deem een d'Leit an der Entrée teste kéint, esou de Michel Welter.