Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng iwwerzeegend Plack fir all Goût

Marika Hackman - Any Human Friend

Eng iwwerzeegend Plack fir all Goût

Den drëtten Album vun der britescher Singer-Songwriterin verbënnt Pop-Experimentation mat enger natierlech presentéierter Intimitéit. Eisen Album vun der Woch heescht "Any Human Friend" a kënnt vun der Marika Hackman.

auto_stories

3 min

D'Marika Hackman, 27 Joer jonk, kënne Frënn vum neie britesche Folk schonn e puer Joer um Radar hunn. Den éischte Mini-Album vun der Süd-Englännerin war vum Alt-J Member Charlie Andrew produzéiert, an hir éischt gréisser Tour duerch huet si d'première Partie fir d'Laura Marling, eng Referenz am Grenzgebitt tëschent Folk a Pop-Experimenter, gespillt.

Wärend dëser Tour ass hiren éischte Longplayer "We Slept at Last" entstanen, deen dovunner profitéiert huet, datt eng Rei Leit um Alt-J Song "Warm Foothills" op hire schéine Sopran opmierksam goufen. All si goufen net enttäuscht: wonnerbar understated an atmosphäresch huet de Guarduan deemools fonnt.

Gläichgeschlechtlech Léift

Hir Queerness an Theme vu gläichgeschlechtlecher Léift waren dobäi scho vun Ufank un Deel vun hirem Repertoire, deen awer wäit iwwer dat autobiographescht erausgoe kann. Méi nach op "I'm Not Your Man", déi zweet Plack, déi virun zwee Joer, "schlau, rau an éierlech", wéi Pitchfork se beschriwwen hat, huet dës d'Hackman als Valeur sûre etabléiert.

Déi drëtt Plack, "Any Human Friend" koum virun enger gudder Woch eraus, an ass deen éischten Album, op deem d'Hackman Synthesizeren an hiren Instrumentarium mat ophëlt. Net vill, versteet sech, éischter fir d'Atmosphär, wéi dës schéi Mellotron-Nappen um Titeltrack.

"Come Undone" dann ass ee vun deenen Titelen, deen d'Marika Hackman am Experimentéiere mat grousse Pop-Orchestratiounen a rhythmesche Finesse weist. Déi gewësse Verspilltheet, mat där d'Hackman souwuel un d'Lyrik wéi och un d'Instrumentatioun gaangen ass, mécht eng direkt evident Stäerkt vun dësem Album aus.

Méi Humor wéi Melancholie

Wéi den Titel et suggeréiert, kommen d'Texter vun enger Plaz vun Einsamkeet, déi awer meeschtens éischter mat Humor, wéi mat Melancholie akzeptéiert gëtt. Doriwwer schwiewen Erzielunge vun dacks direkt sexuellen Episoden a Gefiller, déi am Toun méi natierlech net kéinte sinn.

Chapeau virun der Marika Hackman, datt si deels kraaftvoll an däischter sexuell Energie hanner hire Stécker hei mat Selbstverständnis, ouni ze verféieren oder an d'Trauregkeet ofzedréien. "A singular, extraordinarily horny, and occasionally bleak record", schreift de Museksblog Pitchfork: eegen, lüstern a plazeweis däischter.

Déi extrem Sensibilitéit fir d'Codë vun der Popmusek, an eng gewësse Sich no Accessibilitéit, doen heiansdo vergiessen, datt all Song seng kleng Schmankerl a Komplexitéiten ze bidden huet, déi sech mam Text dann esou stëmmungsvoll verschmëlzen, wéi ee sech et vun enger echter Songwriterin erwaart.

Wann der Hackman hir Stëmm heiansdo der Dido hirer gläicht, feelt bei hir déi siropös Belanglosegkeet vum übleche Liebes-Pop komplett, a vläicht e bësse wéi op der leschter Plack vun der Sophie Hunger gi mir matgeholl an Arrangementer, déi vu Rhythmus an Dynamik nëmmen esou strotzen, och wann et eemol Richtung Downtempo geet.

En einfachen Accès

Wat schéin ass, ass datt d'Madame Hackmann beim Nolauschterer weder Virkenntnesser, nach eng bestëmmten Ausgangsstëmmung verlaangt, fir mat wonnerbar verwénkelte Poprefrainen ze lackelen, déi mat vollem Selbstvertrauen iergendwou tëschent Cindy Lauper, Heather Nova a Laura Marling da komplett iwwerraschend onbeschratte Weeër fannen.

"Any Human" ass eng Stil-iwwergraifend Plack, déi all Museksgoûten iwwerzeege kann, mat engem einfachen Accès, schéinen, ëmmer kontrolléierte Komplexitéiten an engem allgemenge Sound, dee frësch an direkt mat engem schwätzt. Eng vun deene beschten an onverstëbstene Sammlunge vu Songs dëst Joer!