Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nicool - Duerch De Reen Feat. Jambal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng kënschtlerech Opersteeung

Eartheater - Phoenix: Flames Are Dew Upon My Skin

Eng kënschtlerech Opersteeung

Mat hirem véierten Album "Phoenix" zelebréiert d'experimentell Multiinstrumentalistin Eartheater hier Ufanksdeeg als folkeg Singer-Songwriterin an ënnerleet zaart Gittarkläng mat dissonanten Soundcollagen.

auto_stories

4 min

Eng Zort mythesch Opersteeung deit den neien Albumtitel "Phoenix" vun der New Yorker Multiinstrumentalistin Eartheater un - wéi wa si ebe wéi de mythologesche Feiervugel aus den eegenen Äschen nees operstane wier. Dobäi ass et, laut der Kënschtlerin, vill méi als Hommage un déi sëlleg artistesch Reinkarnatiounen a Weiderentwécklunge geduecht, déi de Projet Eartheater a senge bal zéng Joer Bestoen duerchlieft huet.

Op hirem véierten Album, deen Ufank Oktober released gouf, bléckt d'Alexandra Drewchin, wei d'Kënschtlerin biergerlech heescht, op hir musikalesch Trajectoire zeréck a probéiert nees do unzeknäppen, wou alles ugefaangen huet.

D'Bréck tëschen zwou Identitéiten

Op YouTube kann ee Concertsopname vun Optrëtter virun hirer Zäit als Eartheater bestaunen, bei deenen d'Drewchin nach als folkeg Singer-Songwriterin optrëtt an hir akustesch Gittar mat Leonard Cohen-änlechem Fingerpicking spillt. Et muss ee schonn e puer Mol hikucken a lauschtere fir ze gleewen, datt hei effektiv déi selwecht Kënschtlerin ze gesinn ass, déi haut als Daredevil vum dissonanten Avantpop optrëtt.

Den neien Album Phoenix ass d'Bréck tëschen dësen zwou musikaleschen Identitéiten. Well och wann d'Eartheater op Phoenix näischt un experimentellem Drang verluer huet, ass et ebe virun allem nees d'akustesch Gittar, déi dësen Album dominéiert.

Eng musikalesch a privat Verwandlung

Phoenix: Flames Are Dew Upon My Skin, sou de ganzen Titel vum Album, ass d'lescht Joer am Hierscht innerhalb vun zéng Wochen entstane wärend d'Eartheater fir eng Art Residency zu Zaragoza war. No enger extensiver Tour huet si do an der Isolatioun déi néideg Zäit fir d'kënschtleresch Introspektioun fonnt, déi am Fokus vu Phoenix steet.

Déi rau Naturlandschaft ronderëm d'Stad wier ausserdeem eng grouss Inspiratioun gewiescht, seet d'Kënschtlerin. Geologesch Biller a Motiver vun der Aussewelt mat hire Metamorphosen an der natierlecher Onberechenbarkeet dénge fir si hei als Spigel fir dat eegent Séileliewen.

Eng gescheitert Bezéiung an d'Opbléien an enger neier sinn d'thematescht Grondgerüst vum véierten Album. Phoenix, dat ass net nëmmen d'Verwandlung vun der Konschtfigur Eartheater, mee och vun der Privatpersoun dohanner.

Ongewéinlech schnulzeg a kitscheg

An engem Interview huet d'Eartheater kierzlech zouginn, datt den Album ongewéinlech schnulzeg a kitscheg geroden ass, mee datt de Kitsch eben och no um Ikonesche wier, a genau dat si de Moment am meeschte reizt.

Tatsächlech erënnert den Album a senger poppeger a melancholescher Aart net onbedéngt un d'Virgänger. IRISIRI war 2018 den drëtten Album an éischten um Berliner Kultlabel Pan, deen zanterhier d'musikalesch Heemescht vun Eartheater ass. Hei hu virun allem experimentell Glitch-Soundscapes, Illbient Beats, Harfkläng an de verzerrt-gespenstesche Soprano vun der Klangkënschtlerin Eartheater dominéiert.

D'lescht Joer huet si mat "Trinity" een eklektesche Mixtape nogeluecht dee mat räichlech Hi-NRG Synths beluede war. Am Kontrast wierkt "Phoenix" mat senge rouegen Balladen an den zaarte Gittarkläng tatsächlech méi schnulzeg an kitscheg, an awer ënnerleet d'Klangalchemistin Eartheater dës Harmonie mat obskure Sounds, déi, wéi d'Kënschtlerin seet, den urzäitleche Lavaséi representéieren, aus deem si virun zéng Joer entsprongen ass.

Op Phoenix frësst sech d'Eartheater, hirem Numm entspriechend, duerch déi verschidden Äerdschichten, fir um Enn beim Stéck "Faith Consuming Hope" am déiwe Kär unzekommen. "I've seen the phoenix rise out of my ashes" heescht et an dësem emotionalen Héichpunkt vum Album. Déi nächst Opersteeung kënnt bestëmmt.