Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng liichtféisseg, dreiwend-knuspreg Rhythmussektioun

Beak> - >>>

Eng liichtféisseg, dreiwend-knuspreg Rhythmussektioun

Déi nei Plack vum Portishead-Instrumentalist Geoff Barrow sengem Projet Beak> ass eng düster-grooveg Affär mat laangen Jams a schife Pop-Momenter. Als Continu ass dës Plack am schéinsten ze lauschteren.

auto_stories

2 min

Foto:Jamie Orchard Lisle

Beak, englesch fir Schniewel, ass eng Formatioun ronderëm den Geoff Barrow, den Instrumentalist vun der Triphop Band Portishead, an der aktueller Formatioun mam Billy Fuller a mam Will Young. Hir éischt Plack hu Beak 2009 live an ouni Overdubs als Jam Session opgeholl an duerno editéiert. Déiselwecht Opnamtechnik gëtt och op der neier an drëtter Plack benotzt, déi dräi Schniewelen no vir als eenzegen Titel dréit.

Wann den Album Opener als analog-elektroneschen an Ambiente versant vu Portishead hiren düstere Stëmmungen dohierkënnt, brauch nëmmen d'Batterie eranzekommen, an et fënnt ee sech séier och an enger Rockband, an enger ganz minimaler. Dem Barrow säi Penchant fir d'Filmvertounung kënnt hei an enger Aart Endzeit-Mafiafilm Fantasie eraus.

Ee groussen Highlight ass direkt den zweeten Track, "Brean Down", och d'Advance Single, déi virun der Verëffentlechung vun der Plack zirkuléiert ass. Op een impeccabele Groove aus helle Batterie-Elementer a Bass leet sech eng liddereg Effektgittar a Gesang ganz nonchalant.

Hei weise Beak, datt och en Album, deen zur gudder Halschent aus instrumenteller Live-Improvisatioun an Noise besteet, ka kleng Pärele vu Pop-Musek enthalen.

Schonn hir Single vum leschte Joer, "Sex Music", hat trotz der Krust eng Aart onpretentiéise Pop-Charakter. Et wiessele sech vun elo un Atmosphäre mat Songs of, Synthië verlafe mat Gittaren an ëmgedréit, eng liichtféisseg an dach dreiwend-knuspreg Rhythmussektioun bréngt dat Ganzt un d'Fléien. Als Continu ass dës Plack vläicht am schéinsten ze lauschteren, och wa se kann hir Längten huet. Weider Pop-Momenter luussen hei an do, wéi dat rustikal-dancegt "Allée Sauvage", dat düster-rockegt "King of the Castle" an de folkegen Album-Closer "When We Fall", deen d'Gespenst vun de Byrds ze ootme schéngt.

Fir Liebhaber vu Psychedelic Rock à la Motorpsycho, al kléngender Elektronik, mee och vun DIY-Mathrock ass hei vill Schéines ze entdecken. Géint Erwaarden ass "Three beaks" een accessibelen Album, deen den Hannergrond an de Virdergrond gläich gutt verdréit, an ëmmer erëm beréiert.