Radioen

On air

Tockcity  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng musikalesch Momentopnam vu Lëtzebuerg am Confinement

Op alle Streaming-Plattformen

Eng musikalesch Momentopnam vu Lëtzebuerg am Confinement

Enn Mäerz huet de radio 100,7 de Schlofzëmmerbléck lancéiert. 13 Lëtzebuerger Musekerinnen, Museker a Bands goufe gefrot fir e Stéck wärend dem Confinement ze schreiwen an opzehuelen. Haut kënnt d'Compilatioun op den digitale Plattformen eraus, e Sonndeg ass d'Release-Party an de Rotonden.

auto_stories

4 min

D'Schlofzëmmerbéck-Commande huet déi divers Museker a Musekerinnen an engem éischter "duercherneenen" Zoustand erreecht, wéi C'est Karma seet. Déi ganz Zäit wier vum Wiessel an Emotioune gepräägt gewiescht. Engersäits wier si frou gewiescht, Zäit ze hu fir sech a fir déi Leit, mat deene si frou ass.

Anerersäits wier et och Frust ginn, "well ech et guer net gewinnt sinn net kënnen erauszegoen a meng Kolleegen ze gesinn". C'est Karma hätt och traureg Momenter erlieft, zielt si. Fir de Schlofzëmmerbléck hätt si dann och e Lidd doriwwer gemaach.

De Bléck aus dem Schlofzëmmer war fir jiddwereen op alle Fall zimmlech eegenaarteg. D'Claudine Muno huet an hirem Lidd ënner anerem hir Observatioune vun der Noperschaft agebaut: ënner anerem d'Geräischer vu Méimaschinnen.

"Dat war iergendwéi surrealistesch", zielt d'Claudine Muno. D'Leit hätten dobaussen zesumme gesiess, mee si souz hanner der Fënster mat hirer Angscht a si konnt net eraus.

Isolatioun an Introspektioun

Déi 13 Lidder op der Schlofzëmmerbléck-Compilatioun thematiséieren Isolatioun an Introspektioun op divers Manéieren. Déi donkel an absurd Säite vun der Situatioun an de Manktem u Solidaritéit sinn dem Bartleby Delicate virun allem opgefall.

"Deen een ass dem anere säi Wollef, all Mënsch spillt Polizist, an dobäi hu mer guer keen Abléck an d'Liewensrealitéite vun den eenzele Mënschen."

Den Drock vun der Deadline

D'Commande vum radio 100,7 huet den 13 Museker a Musekerinnen eng Motivatioun gi mat wéinegen Elementer ze experimentéieren. Fir Verschiddener war et eng éischt Erfarung selwer ze produzéieren.

Déi physesch Copie kommen Enn September eraus. (Cover: Jeff Poitiers/Cropmark)

Den Drock vun enger Deadline war och e gudde Grond fir Iddien emol richteg auszeschaffen, wéi Francis of Delirium seet. Et hätt ee sech all Dag forcéiert eppes ze kreéieren, mee et wier een och e bëssen iwwerfuerdert gewiescht, wéi d'Lidd bis hätt misste fäerdeg geschriwwe sinn.

Aner Gespréicher féieren

Museker wéi Francis of Delirium haten et allerdéngs vum technesche Punkt hir éischter einfach. Bands wéi Autumn Sweater hu misse kreativ gi fir op Distanz eppes ze schafen an opzehuelen. An hirem Lidd hu si déi positiv Säite vum Confinement thematiséiert.

Wärend der Kris hu sécherlech vill Koppelen ënner der géigesäiteger Proximitéit gelidden. Fir de Philippe Demart vun Autumn Sweater war dat am Fong net de Fall.

"Eigentlech ass dat bei eis de Géigendeel, well mir mol Zäit hunn déi Gespréicher ze féieren, déi mir soss am Alldag net esou féiere kënnen. Dat ass dunn zum Lidd 'Half Of March' ginn. Mir hu geduecht, dat ass vläicht dat Positiivt, wat mir fir eis erauszéie kënnen."

Den 23. August: Release-Party an de Rotonden

Schlussendlech waren déi meescht Schlofzëmmerbléck-Participante sech eens, datt d'Verlangsamung vum Liewen e wëllkomme Phenomeen wier. Ofgesi vun de finanziellen a professionelle Schwieregkeeten hätt een op d'mannst Zäit gehat sech erëmzefannen an d'Aarbecht u Lidder ze verdéiwen. Elo géif ee sech op alle Fall freeën, erëm esou lues live op der Bün stoen ze kënnen.

Wéi zum Beispill dëse Sonndeg, wou dann och d'Release vun dëser radio 100,7-Aktioun a -Compilatioun "Schlofzëmmerbléck" an de Rotonden gefeiert gëtt. Op der Bün stinn do Ryvage an Jackie Moontan. Lass geet et um 18 Auer.

Hei kann een de Schlofzëmmerbléck lauschteren