Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng musikalesch Psychoanalys fir eise Géigewaartsmalaise

Musek

Eng musikalesch Psychoanalys fir eise Géigewaartsmalaise

Den Avantpop-Trio Virginia Wing presentéiert sech op "private LIFE" chaotesch a verspillt. Deen neien Album ass d'Resultat vun enger musikalescher Gruppentherapie a féiert déif eran an d'Séileliewe vun de Bandmemberen.

auto_stories

3 min

Et passt natierlech en Album "private LIFE" ze nennen an enger Zäit, an där dat ëffentlecht Liewe quasi stëll steet an den Alldag sech an der Isolatioun vun den eegene véier Maueren ofspillt. Mee hire mëttlerweil véierten Album wëlle Virgina Wing awer net als Pandemiedokumentatioun verstane wëssen. D'Iddi an d'Konzept wiere scho virum Virus do gewiescht, seet d'Sängerin Alice Merida Richards. Et ass sécherlech e Krisenalbum, mee et geet hei ëm déi emotional a ganz perséinlech Erausfuerderungen, déi och viru Corona den Alldag begleet hunn. Si hätt ugefaangen um Album ze schreiwen, wéi se sech keng Therapiestonne méi leeschte konnt, sot d'Frontfra kierzlech an engem Interview. Wéi de Bandtrio erkläert, ass "private LIFE" d'Resultat vun enger Zort musikalescher Gruppentherapie, an där een zwar keng komplett Heelung gesicht mee e bëssi Séilefridde fonnt huet. Schonn den éischte Song vum Album ass net nëmmen ee verzweiwelte Ruff no Hëllef, mee och eng Manifestatioun vun Hoffnung, sech genee un dës klameren ze kënnen.

Wat "private LIFE" auszeechent, ass d'Wiesselspill mat den Emotiounen. Sou düster an bläischwéier d'Lyrics och deelweis sinn, ginn si a waarm an iwwerdréinten Avantpop-Texturen gewéckelt, wouduerch sech eng perfekt Balance aus Chaos an Harmonie duerch den Album zitt. D'Frontfra Alice Merida Richards seet, et wier besonnesch bei sou eeschte Gefiller och wichteg mol mat Humor oder Liichtegkeet ze reagéieren. Hier Songs bezeechent d'Sängerin als Trauma an engem wierklech gudden Outfit.

Kommunikatioun vs. technesch Perfektioun

Virginia Wing presentéieren sech op hirem neien Album esou chaotesch a verspillt, datt et mat Zäite schwéier fält, den Iwwerbléck ze behalen. De Sam Pillay beschreift de Sound vu senger Band als Analogie zum Chaos vum eegene Liewen an dem Selbstbewosstsinn eben op wackelege Been ze stoen. Op "private LIFE" kollabéieren Drums, Synthlines an Soundfragmenter aneneen a ginn duerch de Spriechgesang vum Richards ënnerluecht, deen e Stéck wäit un d'Kënschtlerinne Laurie Anderson oder Vivien Goldman erënnert. Wéi d'Richards erkläert, huet hiren Trademarkgesang e ganz konkrete Grond. Si wier net déi technesch perfekt Sängerin a wéilt och léiwer d'Kommunikatioun an de Fokus stellen, ewéi eng Meeschterleeschtung vun hire Stëmmbänner. Och markant um Album ass de Saxophon vum Christopher Duffin, dee schonn um leschten Album als Museker vertruede war, mee elo aus dem Manchester Indieduo een Trio gemaach huet.

D'Schéinheet an der Däischtert

"private LIFE" ass eng musikalesch Psychoanalys fir eis Géigewaartsmalaise. Virginia Wing setzen do un, wou all de Stress an d'Angschtgefiller hierkommen a wou sech och Verlaangen an Hoffnung kënne breet maachen. Goung et um leschten Album "Ecstatic Arrow" - den Numm verréit et schonn - ëm d'Kraaft vun der Extase, analyséiert den neien Disk wat mir alleng an der Däischtert maachen. "private LIFE", schreift d'Band an engem Statement, mécht engem Dier wäit op, fir se dann direkt nees hannert engem zouzeschloen. Den Album ass awer keng klaustrophobesch Listening experience mee demonstréiert vill méi wei vill Schéinheet an der Däischtert ze fannen ass.