Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Transparenz fir d'Rockhal?

Centre de Musiques Amplifiées

Eng nei Transparenz fir d'Rockhal?

D'Rockhal presentéiert fir d'éischte Kéier hir Konten. Den Etablissement Public wëllt Kritike vu sech weisen, datt ëffentlech Gelder benotzt gi fir Concerten ze finanzéieren. D'Dotatioun vum Ministère géif just duergoen, fir Personalkäschten ze decken.

auto_stories

2 min

Rockhal

D'Dotatioun vu ronn 2,5 Milliounen Euro, déi d'Rockhal vum Kulturministère kritt, geet just duer fir d'Personalkäschten ze decken, seet de President vum Verwaltungsrot, Luc Henzig. Déi lafend Käschte vu knapps annerhallwer Millioun missten deemno duerch Recette vum Concertsgeschäft gedeckt ginn.

Et ass fir d'éischte Kéier, datt den Etablissement Public seng Konten ëffentlech virun der Press presentéiert. De Grond fir dës nei Transparenz wieren eng ganz Rëtsch Kritiken, an eng Plainte beim Konkurrenzrot, seet de Luc Henzig. Et wier gesot ginn, datt mat ëffentleche Sue Concertsaktivitéiten géifen ënnerstëtzt ginn.

"De Leit Freed maachen"

De Luc Henzig verdeedegt déi kommerziell Approche vun der Rockhal. Den Etablissement Public kéint sech als Concertspromoteur keng Defiziter erlaben, soss misst herno de Steierzueler dofir opkommen. De Leit Freed ze maache wier och Deel vum ëffentlechen Optrag.

"Wa mir dat just fir Insider maachen, fir intellektuell gutt do ze stoen, dat nëtzt eis och näischt."

Allerdéngs misst déi ëffentlech Hand ganz geschwë fir finanziell Hëllef gefrot ginn, fir Renovatiounsaarbechten um Gebai, sou de Luc Henzig. Niewent der Sécherheet an der Signalisatioun, misst och an de Confort investéiert ginn, Stéchwuert: VIP-Beräich. Och beim Catering wier d'Infrastruktur vereelzt. Zum Beispill géifen et haut méi performant, robotergesteiert Zapanlage fir Béier ginn.

Nei Raimlechkeeten am Rocklab

Am Rocklab goufen en Donneschdeg nei Raimlechkeeten ageweit. Niewent neie Bureaue fir d'Mataarbechter vum Rocklab goufe Reuniounssäll an Aarbechtsposte fir Museker an hire professionellen Entourage ageriicht. Jiddereen, deen interesséiert wier, kéint sech en Abonnement fir dës Infrastrukturen ufroen, sou de Rockhal-Direkter Olivier Toth. Et géif e Besoin fir dës Zort Incubator ginn, virun allem fir Leit, déi am Beräich vum Management vun den Artisten aktiv wieren.


Dat ganzt Gespréich mam President vum Conseil vun der Rockhal, Luc Henzig:

Luc Henzigplay_arrow