Radioen

On air

Notturno  |  Al Menne - Grandma's Garden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Od un d'Klarinett

Sabine Meyer

Eng Od un d'Klarinett

Den Escher Conservatoire hat rezent héije Besuch aus der Klassikwelt, mat der Klarinettistin Sabine Meyer an dem Alliage Quintett. Mir hu mat der Sabine Meyer iwwer de Stellewäert vun der Klarinett geschwat.

auto_stories

4 min

Den Numm Sabine Meyer huet wuel scho jidderee wéinstens aus Museksnoriichte héieren. Amateure vu klassescher Musek wëssen, datt si eng vun de renomméierten Solistinnen iwwerhaapt ass. Ënner anerem ass et hir ze verdanken, datt d’Klarinette, déi dacks als Soloinstrument ënnerschat gëtt, haut ganz selbstverständlech op der Bühn virum Sinfoneorchester steet.

1983 grënnt d’Sabine Meyer mat hirem Mann Reiner Wehle an hire Brudder Wolfgang Meyer den Trio di Clarone. Dësen Trio ass am Milieu bekannt fir Original-Kompositioune vum Mozart, wéi och bedeitend Wierker vun haut opzeféieren. Dacks trëtt den Trio och mam Jazzklarinettist Michael Riessler op. Donieft ass d'Sabine Meyer awer och Professesch fir Klarinett op der Musihochschule zu Lübeck a gëllt hei als eng vun de beschte Pädagoginnen op hirem Instrument.

Mat Klischeeën opraumen

Déi däitsch Musekerin ass eng onermiddlech Verdeedegerin vum Instrument Klarinett an dem Repertoire wat dozou gehéiert, grad wéi och vun der origineller Spillpraxis. Si seet, datt si mam Trio di Clarone d'Verantwortung hätt, "villes erëm an dat richtegt Liicht ze réckelen".

Datt, zum Beispill, de Repertoire fir Klarinett net intressant wier, hält si fir ee béist Gerücht. "Natierlech ass et net wéi beim Piano oder der Gei, mee dat wat mer hunn ass immens räichhalteg. De Mozartconcert fir Klarinett ass, zum Beispill, ee vun de schéinsten déi hie geschriwwen huet", sou de d'Sabine Meyer am 100,7-Interview.

Onbekannt Stécker erëm opgräifen

Och Nei Musek spillt eng grouss Roll fir d'Klarinett. D'Sabine Meyer ass selwer mat Neier Musek forméiert ginn. "Dat war ëmmer Deel vum Programm, et war ëmmer wichteg, net nëmmen een traditionelle Repertoire ze spillen", erënnert si sech. An dat misst och haut sou sinn, et misst een d'Studente just dofir motivéieren. D'Sabine Meyer gëtt awer och zou, datt muench Stécker, déi hir haut proposéiert ginn, hir einfach net gefalen. "Dat ass dann einfach net menges, wann et zum Beispill just elektronesch ass oder ech keen eenzegen normalen Toun dierf spillen", sou d'Musekerin.

Méi onbekannt Stécker awer erëm zum Liewen ze erwächen, dat gesäit d'Sabine Meyer als eng Zort Optrag. Dobäi geet et virun allem drëm, bestëmmte Stécker an hiren historesche Kontext ze setzen andeems een si, zum Beispill, mat där richteger Klarinett spillt. "Dem Mozart seng Divertimenien, zum Beispill, sinn am Original geschriwwe ginn fir dräi Bassetthörner. Mee jidderee spillt se mat Klarinetten a Fagott, wat eppes ganz anescht ass", sou d'Sabine Meyer.

Vereenheetlechen ass "traureg"

D'Musekerin fënnt et schued, datt och am hirem Spezialberäich d'Vereenheetlechen eng grouss Roll spillt. "Dat klengt alles sou tselwecht. Fréier, wann een eng englesch Klarinett, héieren huet, da war dat een donkelen, mëlle Klang. Haut stieche just nach d'Wiener Philharmoniker eraus, déi allermeescht aner spille mat deselwechte Mondstécker. Dat ass traureg". Si selwer huet ni bei deenen "Tendenzen" matgemaach, gëtt awer zou, datt dat och ee groussen Opwand ass. "Ech brauch éiweg fir déi richteg Bliedercher ze fannen fir meng oppe Mondstécker", sou d'Sabine Meyer.

Als Musekspedagogin fënnt d'Sabine Meyer et wichteg, op all Student eenzel anzegoen. An datt d'Grondlage stëmmen – also d'Ootmung, d'Haltung, Technik an d'Gefill fir de Klang. "Et kann ee keen Héichhaus bauen, wann d'Fundament net stëmmt", sou de Musekerin. Wann d'Fundament da bis stëmmt, da kéint een alles spillen. Virdru misst een d'Studenten awer sensibiliséieren, "hinnen d'Aen an d'Oueren opmaachen".

Alliage a Meyer: eng ongewéinlech Mëschung

Am Mäerz trëtt d'Sabine Mayer – grad wéi zu Esch – mam Alliage Quintett an der neier Elbphilharmonie zu Hamburg op, am Februar steet Seoul um Programm. Zesummen huet si mat Alliage eng CD mam Titel "Fantasia" opgeholl. Populär Wierker wéi beispillsweis "Der Zauberlehrling" vum Paul Dukas oder dem Borodin seng "Polowetzer Tänze" sinn drop ze fannen, nieft anere beléifte Stécker. Alles an allem sinn hei klassesch Highlight, déi eigentlech fir Orchester geduecht sinn, ganz nei arrangéiert ginn – ebe fir déi ongewéinlech Konstellatioun Klarinett – véier Saxophoner – Piano.

D'Iddi dofir koum vum Alliage-Quintett, deen engem – och ouni d'Sabine Meyer – am Concert d'Illusioun gëtt, wéi wann een e reellen Orchester virun Oueren hätt. D'Klarinettistin war direkt begeeschtert vun der Iddi zesummen ee Projet op d'Been ze stellen. "Mäi Papp huet Saxophone gespillt, ech hunn d'Instrument ëmmer doheem héieren. An ech fanne Klarinett a Saxophon sinn och e bësse séileverwandt", sou d'Sabine Meyer.

Saxophon a Klarinett, eng Famill

Den Daniel Gauthier ass de Grënner vum Alliage Quintett, an ass nieft senger solistescher Carrière, Professer fir Saxophonen an der Musihochschule zu Köln. Och hie gesäit de Saxophon an d'Klarinett als Membere vun enger an därselwechter Famill, dat wéinst dem einfache Blietchen um Mondstéck, wat sech vun der Oboe an dem Fagott ënnerscheet.

Hie ass "immens frou", datt d'Sabine Meyer averstane war, fir mam Alliage Qunitett zesummen ze schaffen. "Eng Rei Stécker hätte mir eleng net kënne spillen, zum Beispill 'L'oiseau de feu' vum Stravinsky. Duerch d'Klarinett kréie mir klanglech einfach eng nei Dimensioun dobäi", sou den Daniel Gauthier.

Interview Sabine Meyerplay_arrow

Lauschtert och dat ganzt Gespréich vum Manuel Ribeiro mam Daniel Gauthier, Grënner vum Alliage Quintett a bekannte Saxophonist:

Interview Daniel Gauthierplay_arrow