An enger Zäit, wou den Orientalismus an der franséischer Musek a Moud war, konnt och de Georges Bizet sech dësem Trend net entzéien. "Djamileh" ass eng komesch Oper, déi am Palais vum Kalif Haroun spillt. Den Haroun ass steeräich a langweilt sech. Fir eng Grëtz Ofwiesslung ze hunn, leescht hie sech reegelméisseg eng nei Maîtresse. Seng aktuell Affär, Djamileh, spillt do allerdéngs net mat, well si sech an den Haroun verléift huet. Esou entwéckelt sech eng kleng Intrig mam obligaten Happy End, wéi et sech fir eng Opéra comique gehéiert.
Gutt Ensembelleeschtung
Déi nei CD-Produktioun (Label DUX 1412) iwwerzeegt virun allem duerch déi gutt Ensembelleeschtung. Virun allem de Chouer an den Orchester weise sech vun hirer beschter Säit, musizéiere geschmeideg an och ganz stëmmungsvoll. Bei de Solisten däerf ee gedeelter Meenung sinn. Jennifer Feinstein interpretéiert d'Haaptroll vun der Djamileh exzellent. Hir gleeft een, wat si séngt. Hir Stëmm kléngt allerdéngs mat Amenter ze grouss, fir dee selbstbewossten awer och sensibele Personnage, dee si duerstellt. Hir männlech Partner Eric Barry (Haroun) a George Mosley (Splendiano) sange korrekt.
D'Stäerkt vun dëser "Djamileh" läit sonner Zweiwel am ganzen Ensembel, deen den Dirigent Lukas Borowicz mat vill Geschéck a Gefill an eng stëmmeg Atmosphär versetzt.