Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng roueg Plack, déi vill ze erzielen huet

Glen Hansard - This Wild Willing

Eng roueg Plack, déi vill ze erzielen huet

Den Album vun der Woch kënnt aus Irland. Dem Glen Hansard, fréiere Frontmann vun der Dubliner Band The Frames, ass mat senger neier Scheif "This Wild Willing" e besonnesche Worf gelongen, mengt de Marc Clement.

auto_stories

2 min

Den irische Singer-Songwriter Glen Hansard fänkt seng nei Plack mat engem stëmmungsvolle Crescendo un. Op een digital eroofgesampelten, wattege Bass an Drum Sample, dee kléngt, wéi aus enger 80er Joren Action-Tëleesserie, drappéiere sech ee liicht Gittarenzupfen, eng Stëmm, déi kaum méi wéi pëspert, Sträicherakzenter an um Enn ee ganze Chouer, dee géint e Stuerm vu Rauschen ukämpft. Et ass esou intensiv, wéi et elegant ass a grad ongewinnt genuch, fir mat eranzedauchen.

De Glen Hansard ass a senger Heemecht Irland eng Legend. Mat senger Band The Frames huet hien d'ganz 90er duerch déi Dubliner Musekszeen erfreet. Seng Soloplacken, déi hien elo zanter sechs Joer erausbréngt, weisen eng méi grouss Sophisticatioun am Songwriting. Chartpositiounen, déi an Irland falen, gi mat gréisserer Unerkennung am Ausland zesumme fir de Glen Hansard, deen op senger schéi betitelter fënnefter Soloplack "This Wild Willing" d'Konschstéck fäerdegbréngt, Folkrock Songwriting mat all sengen Instrumenter, Fiedel inclus, mat e puer ausgesichten elektroneschen Elementer zu engem radikal moderne Sound zesummenzeschmëlzen.

D'Arrangementer si seriö a spuersam, mee dofir op den Instrumenter ëmsou méi gefillsvoll ëmgesat, wéi op "The Closing Door".

Eng Plack aus där Dignitéit an Erfahrung schwätzen

Op enger ganzer Partie Songs vu "This Wild Willing" schwéngt e bësse vum Esprit vun engem Tom Waits mat, wéi hien an de spéide 70er geklongen huet, a bei The Cure an dem Nick Cave léint den Hansard sech eng gewësse gotesch Eleganz, déi hie schéi verdéift zu engem niwwelegen Hannergrond fir seng Texter, déi dacks zudéifst oppe schwätzen.

Bis op dat vläicht e bëssen einfacht "Fool's Game" ass hei all eenzele Song e Sprangbur vun dynameschen, weiderlafenden Texturen a Stëmmungen, déi d'Opmierksamkeet ganz vum Schema hanner der Musek ewechhuelen an einfach fléissen. Dat alles ass mat enger Retenue duerchgeféiert, déi den Esprit vum Moment a kleng Niewegeräischer bewosst afänkt. Esou kléngt alles lieweg an otemt mam Hansard senger Stëmm, déi sécher keng Sangstëmm am klassesche Sënn ass, mee hei duerch hir Ausdrocksstäerkt näischt ze wënschen iwwereg léisst.

"This Wild Willing" ass eng Plack aus där Erfarung a Liewe schwätzen, déi eng roueg Dignitéit ausstraalt a villes ze erzielen huet. Frënn vu Singer-Songwriter, gothic New Wave, Country oder Jazz kënne sech all gläich an dëser Plack erëmfannen, op där de Glen Hansard mat meditativer Kloerheet vum Düsteren an dat Onschëllegt an nees zeréck wandert.