Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Traditioun am Wandel

D'Chouerwiesen zu Lëtzebuerg

Eng Traditioun am Wandel

An deene leschte 50 Joer wier d'Zuel vun de Sänger a Kierchechéier dramatesch zeréckgaangen, seet de President vum Piusverband Albert Brauch. Ronn 4.200 Sängerinnen a Sänger wieren den Ament nach aktiv. Dovunner géifen der op där enger Säit all Joer tëschent 90 an 100 ewechfalen, ouni datt op där anerer Säit Leit d'Relève iwwerhuele géifen. Ähnlech gesäit och den Institut Européen de Chant Choral Luxembourg (INECC) dës Entwécklung am Chouerwiese generell, seet den Direkter Arend Herold.

auto_stories

3 min

Symptomatesch fir de Réckgang, och bei de weltleche Chéier, wier, datt keng Jonker méi noréckelen, seet den Arend Herold. De grondsätzleche Problem fir Jonker ze rekrutéiere géif awer net dorunner leien, datt si generell net sange wéilten. Kanner géife vill a gäre sangen a Kannerchéier hätten duerchaus nach vill Zoulaf. Spéitstens awer wann d'Sänger op d'Uni ginn, géife si dem Chouerberäich verluer goen. Och iwwer d'Studienzäit eraus.

Dirigenten: De Problem oder d'Léisung?

Den Albert Brauch vum Piusverband gesäit ee vun de Grënn fir dëse Réckgank un de Kompetenze vun den Dirigenten, déi ganz dacks peche bliwwe wieren a keen neie Repertoire erschafft hätten:

"Ech kenne Fäll, wou Jonker, déi Solfège gemaach hunn, an déi och scho Chant gemaach hunn, déi soen: 'Ech ginn net bei eis an den Duerfchouer, well et deet mir leed, ech kann dräimol méi wéi deen Dirigent, deen do sëtzt.' An dat ass natierlech ee vun de grousse Problemer, datt Gesangsveräiner do op der Streck bliwwe sinn."

D'Situatioun kéint sech haut vläicht verbesseren, well déi Chéier, déi nach bestinn, Synergie knäppe kéinten. Dëst géif et vläicht erméiglechen, nei Dirigenten ze fannen.

Ëmgedréit wier et esou, datt den Dirigent ze begeeschtere géif wëssen, wann hie mat engem neie Repertoire an neien Iddie komme géif, seet den Andy Loor, Dirigent vum Ensemble Vocal Eurocantica a Grënner vum Ensembel "Crush?!". Wann den Dirigent kloer weise géif, datt hien eppes geléiert huet, da wieren d'Leit vun egal wéi enger Generatioun bereet matzemaachen.

Highlighten zéien un

Déi grouss Evenementer an der Kathedral, wéi zum Beispill den Te Deum, géifen eng ganz Partie Sänger a Sängerinnen unzéien, seet de Marc Dostert, den Dirigent vun der Maîtrise vun der Kathedral. Praktesch all zwou bis dräi Wochen hätt hien Ufroe vu Leit, déi gäre géife Member ginn.

Well esou Highlighte wéi e groussen Optrëtt oder e flotte Programm Leit unzitt, gëtt den Ament am Chouerberäich mat Projete geschafft. Ensembele ginn hei fir just ee Programm zesummegestallt, ouni datt ee sech dofir e ganzt Joer an engem Chouer engagéiere muss. Dëst wier de Geescht vun der Zäit, seet den Andy Loor. Et géifen ëmmer méi Leit ginn, déi a verschiddenen Ensembele sangen, an dofir awer net reegelméisseg bei alle Concerte matsangen:

"Et ass natierlech méi interessant, wann d'Leit sech kënnen eraussichen, wat si wëlle maachen. Och wann dat dann de Veräiner ganz kloer schuet."

Op där enger Säit wier et bei engem Chouer, dee sech fir ee Projet zesummesetzt, méi schwéier e gudde Chouerklang auszeschaffen, wéi bei engem Veräin, dee reegelméisseg prouft. Op där anerer Säit bemierkt den Andy Loor awer, datt sech och bei Projeten e Stack vu Leit entwéckelt, déi reegelméisseg participéieren. Wann da riets a lénks Sänger dobäikommen, wier dat schonn net méi grad esou schlëmm.

Och den Arend Herold deelt d'Aschätzung, datt d'Schaffen op Basis vu Projeten dem Zäitgeescht entsprécht:

"Mir hunn dat net erfonnt, als INECC, och wa mir dat heiansdo aus dem Chouerberäich vu Verschiddene reprochéiert gëtt. Mee am Fong geholl ass et eppes, wourop mir reagéiert hunn. Mir hu gesinn, do ass e Besoin do [...]. Ech gleewen drun, datt dat vläicht dee Rettungsanker ka si fir d'Chouerwiesen hei am Land."

Den Arend Herold ass der Meenung, datt wahrscheinlech och e ganz gudde Chouer an Zukunft op dee Wee muss goen. Gläichzäiteg misst ee vun der aler Denkweis vu lokalen Duerfchéier ewechkommen a Chéier iwwer e puer Gemenge verdeelt regional organiséieren.