Radioen

On air

Notturno  |  Bells Atlas - Spec And Bubble

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ënnerschiddlech Interpretatioune vu Fräiheet

Politik

Ënnerschiddlech Interpretatioune vu Fräiheet

Berlin ass Demonstratioune gewinnt. E Sonndeg huet awer fir d'éischte Kéier déi rietsnational AfD hir Supporter an de Stroosse vun der däitscher Haaptstad mobiliséiert. Der Police no si 5.000 Demonstranten dem Opruff nokomm. Zur selwechter Zäit hunn och 25.000 Leit géint d'Politik vun der AfD protestéiert. Firwat sinn all des Leit op d'Strooss gaangen?

auto_stories

4 min

De Berliner Hauptbahnhof ass eng Plaz wou sech all Dag ganz verschidde Leit kräizen. Si kommen aus allen Ecke vun Däitschland, an aus dem Rescht vun der Welt. Si kommen op Berlin schaffen, klammen an den Zuch fir hir Famill besichen ze goen, oder fueren an d'Vakanz. Mee de Sonndeg stoung dat grousst, gliesent Bahnhofsgebai wei eng Festung tëscht zwou Welten.

Op der enger Säit si scho viru Mëtteg schwéier Museksboxen ugeschloss an op faarweg dekoréiert Ween montéiert. D'Leit, déi sech hei versammelt hunn, fille sech éischter engem Liewensgefill, wei enger bestëmmter politescher Partei verbonnen. Ënner hinnen de 26-Joer-alen Aron.

"Mir bereeden eis op eis Géigendemonstratioun "AfD Wegbassen" fir. Et ass eng Demo géint d'AfD a fir een tolerant a friddlecht Zesummeliewen a fir Akzeptanz. Mir sinn de Moien um véier Auer vu Bremen op Berlin gefuer komm. Mir sinn alleguer e bësse midd, mee d'Stëmmung ass gutt."

Ënnert dem Motto "AfD wegbassen" hate Berliner Nuetscluppen an Diskoen hir Clienten dozou opgeruff géint déi rietsnational Partei ze protestéieren. Vill Jonker, déi dacks zanter Kuerzem zu Berlin liewen, sinn dem Opruff nokomm. D'Celine ass virun annerhallwem Joer op Berlin geplënnert. Si huet en däneschen an e schwäizeresche Pass.

"Ech kann zu all Moment an zwee sécher Länner goen. Aner Mënschen hunn déi Méiglechkeet net, déi ginn an hiren Heemechtslänner verfollegt. Dofir wëll ech Präsenz weisen."

Xenia

Präsenz weisen, heescht op dëser Säit vun der Gare: Haart Techno-Musek, danzen, sech d'Stëmmung net verdéiwe loossen. D'Xenia, déi Kulturwëssenschaft an Gender studéiert, fënnt datt déi onkonventionell Protest-Methode, gutt bei Berlin passt.

"Berlin ass eng Stad, wou d'Leit sou si kënne wéi se sinn. Dat gëtt vun der AfD net gedeelt."

AfD-Supporter

Op der aner Säit vun der Gare, ass de musikalesche Kader méi klassesch gehalen. No an no fannen d'AfD-Supporter sech virun enger klenger Bühn an. Ëmmer méi schwarz-roud-gëlle Fändele ginn an d'Luucht gehalen. Am Hannergrond gesäit een d'Bundeskanzleramt, vu wou aus d'Angela Merkel d'Regierungsgeschäfter leed.

D'Roserei op d'Kanzlerin ass grouss ënner den AfD-Supporter. Op Pancartë gëtt si als Ligenerin bezeechent, déi de Wieler d'Wourecht iwwer d'Flüchtlingspolitik verheemlecht. Sou och de Christian Blex, dee fir d'AfD am Landtag Nordrhein-Westfalen sëtzt.

"Mir wëllen zum Ausdrock bréngen, datt mir mat der rechtlecher Situatioun, wéi se an Däitschland grad ass, net zefridde sinn. D'Madamm Merkel an hir Hëllefer dulden illegal Awanderer."

Och den Thomas Fink aus Baden-Wuerttenberg ass net averstanen mat der Migratiounspolitik vun der dätscher Regierung. Den 58-Joer-alen Autosentwéckler fillt sech dofir als Nazi verdäiwelt.

"Kuckt eis un ... Dohanne steet eng Asiatin, déi frou mam Däitschlandfändel wénkt. Mir fannen dat alles super. Multikulti ass och ok, bis zu engem bestëmmte Mooss. Mee dat wat hei veranstalt gëtt, dat sprengt dat Mooss."

Thomas Fink AfD

Aner Demonstranten benotze méi drastesch Wierder. Fir den Detlev aus Brandenburg, si verschidde Leit keng Mënschen.

"Grenzen zoumaachen. Et kann dach net sinn, datt Kanner an al Leit vergewaltegt an ëmbruecht ginn. Dat muss ophalen. Dat sinn dach keng normal Mënschen, dat sinn Déieren. Fir mech sinn dat Déieren."

Kuerz éier déi éischt AfD-Riedner un d'Pult trieden, leed sech eng mysteriéis Atmosphär iwwer d'Plaz. Aus de Lautsprecher ertéint dat sougenannte Fräiheetsgelöbnis. Mat dësem "Schwur" hunn zu DDR-Zäiten d'Programmer vum westleche RIAS-Radio ugefaangen, dee sech un d'Populatioun vun der DDR adresséiert huet.

"Ich glaube an die Unantastbarkeit und an die Würde jedes einzelnen Menschen. Ich glaube, dass allen Menschen von Gott das gleiche Recht auf Freiheit gegeben wurde. Ich verspreche, jedem Angriff auf die Freiheit und der Tyrannei Widerstand zu leisten, wo auch immer sie auftreten mögen."

D'Wuert Fräiheet ass de Sonndeg op der enger Säit vum Hauptbahnhof ganz anescht interpretéiert ginn, wéi op der anerer.