Radioen

On air

De Moien  |  Queen - You're My Best Friend

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erëm Vertrauen an d'Welt kréien

Bill Callahan - Shephard In A Sheepskin Vest

Erëm Vertrauen an d'Welt kréien

De Bill Callahan ass de Mann mat der onverkennbar dezenter Stëmm. Hien huet sech leschte Freide mat sengem Album "Shephard In A Sheepskin Vest" zeréckgemellt. Eisen Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

Sechs Joer huet de Bill Callahan keng richteg Plack méi erausbruecht. Den 53 Joer alen Amerikaner, dee sech fréier emol Smog genannt huet, huet sech bestuet, ass Papp ginn an huet seng Mamm verluer. Evenementer, déi op sengem neien Album mat enger onschëlleger Fantasie verschafft ginn.

"It feels good to be writing again", séngt de Bill Callahan um Titel "Writing". D'Wierder fléisse bal karthagesch aus sengem Hals eraus. Hien huet sech Zäit gelooss, näischt ass iwwerstierzt ginn. 20 kleng Impressioune vu sengem gewéinlechen Alldag sinn esou op "Shepherd In A Sheepskin Vest" gelant. An et ass Beräicherung, seng éierlech poetesch Andréck op sech wierken ze loossen.

De Bill Callahan schlängelt sech op sengem poséierte Wierk alt erëm meeschterhaft duerch seng Lidderwelt. Rezent zum Hausmann konvertéiert kann ee "Shepherd In A Sheepskin Vest" als eng Ode un e simpelt Liewen an der Famill gesinn. D'Liewen hält dach net op, wann ee Wuerzele schléit, sech bestuet, Kanner kritt, an der Gemittlechkeet ënner- awer och opgeet. Op alle Fall ass den onschëllegen an interesséierte Bléck géigeniwwer dem Ëmfeld dem Bill Callahan net vergaangen.

Wieder, déi verzauberen

Um Titel "Angela" bedauert hien eng onerfëllte Léift mam Saz "like motel curtains we never really met". Wéi Mécken op engem Mauldéier sengem Réck danzt hie mat sengem Bouf duerch d'Liewen am Stéck "747". Seng Texter enthale kleng Weisheeten, a schafe mat wéinege Wierder komplett Biller déi verzauberen. Op sengem véierten Album "Sometimes I Wish We Were An Eagle" vun 2009, hunn ech mech während Deeg a sengem Saz "how can a wave possibly be" verluer. De Bill Callahan hält ee mat zwee Féiss um Buedem, wou genuch Magesches z'entdecke gëtt.

Musikalesch huet de Bill Callahan sech mat vertraute Frënn op senger neier Plack ëmginn. De Matt Kinsey, dee mat senge filigrane Gittar-Fills déi roueg Atmosphäre fierft. De Brian Beattie mat engem diskrete Kontrabass, Celeste bis hin zu Mellotron.

Alles fënnt seng Plaz

Nieft senger duusser klassescher Gittar huet de Bill Callahan och nach eng Rëtsch aner Téin afléisse gelooss. Kalimba, Wurlitzer oder och e Moog Synthesizer. Hei befënnt ee sech am waarme Klangberäich. En ofgespeckten a verspillte Sound dominéiert op "Shepherd In A Sheepskin Vest".

All Gedanken, all Wuert fënnt esou seng Plaz a sengen einfache Kompositiounen. Hien dialogéiert mat sech selwer a setzt sech mat senger eegener Memoire auserneen. Et brauch ee Lidderschreiwer wéi de Bill Callahan, fir erëm Vertrauen an d'Welt ze kréien. Op "Shepherd In A Sheepskin Vest" fënnt een 20 Vignettë fir mat groussen An ronderëm ze kucken.