Radioen

On air

Resonanzen  |  Georges Schmitt - Adieu aux hirondelles - Trio Cénacle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erënnerung un den Gigi Felten

The Sky Is Crying

Erënnerung un den Gigi Felten

De Gittarist vun Heavy Petrol an Touningenieur an der Kulturfabrik ass dout. Hie war e frëndlechen, diskreten an hëllefsbereete Mënsch. Zesumme mat senge Bandkolleegen erënnere mir un den Gigi Felten, a lauschteren d'Aircheck Session, déi Heavy Petrol am Dezember 2020 gespillt haten.

auto_stories

2 min

Den Gigi Felten gouf just emol 58 Joer al. Hie war eng fest Gréisst an der Lëtzebuerger Musekszeen: Zum engen a sengem Beruff an der Kulturfabrik, wou hien als Touningenieur geschafft an eng Abberzuel u Manifestatioune begleet huet. Awer och als Gittarist vun ënner anerem Matt Dawson & Warehouse, Blues Women & Whiskey a speziell Heavy Petrol.

Net vill Leit hätten d'Musek esou gelieft wéi den Gigi, seet de Steve Richer, Gittarist bei Heavy Petrol. "Hien huet ëmmer e mega Sound gemaach, egal op dat an der Kufa war oder egal wou." Den Gigi hätt och vill Opname realiséiert, hien hätt komponéiert an hien hätt ëmmer en oppent Ouer gehat.

En diskrete Mënsch

Frëndlech, roueg an ëmmer bereet mat sengem Wëssen a senger Experienz aneren zur Säit ze stoen, sou bleift den Gigi senge Frënn an Erënnerung. "Hien huet alles gemaach, fir datt ech mech wuel fillen an der Band. Hie war einfach en immens léiwe Mënsch", seet d'Sängerin Elise Nunes. "Ech konnt hien ëmmer ëm Rot froen", sou de Steve Richer.

"Mir waren en agespilltent Team", seet de Steve Richer. E klenge Bléck wier duer gaangen, fir sech op der Bün ze verstännegen. Den Gigi war awer kee Museker, deen an der éischter Rei wollt stoen. "Mir hunn hien ëmmer de Pokerface genannt", seet de Steve Richer. Op all Foto géif de Gittarist d'selwecht ausgesinn. Awer hien hätt ëmmer assuréiert. "Hien huet heiansdo Soloe gespillt wou ech mech gefrot hunn, wou bass de dat lo siche gaangen...?"

De Mario "Woody" Bruns an den Gigi Felten bei der Aircheck Session

Och als Soundtechniker wier den Gigi schwéier z'ersetzen, sou de Steve Richer.

Den 11. Dezember organiséieren d'Museker:innen en Tribut-Owend fir den Gigi Felten an der Kulturfabrik, mat villen Invitéën, déi am Laf vu sengem Liewe mat him gespillt hunn. Wéi et mat der Band Heavy Petrol soll weidergoen, wéisst ee momentan nach net.

Fir un den Gigi ze erënneren hu mir Extraiten aus der Aircheck Session vun Heavy Petrol vum 12. Dezember 2020 zesumme gestallt.

Déi ganz Session kënnt Dir hei lauschteren.