Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Blues huet mech ausgesicht"

Blues Rock

"De Blues huet mech ausgesicht"

De Stéphane Colling, alias Kid Colling, huet Blues gär, deen oppe fir aner Stiler an Aflëss ass. Mat senger Band, dem "Kid Colling Cartel", bréngt hien den Debutalbum "In the Devil's Court" eraus.

auto_stories

3 min

Virun zwee Joer huet de Kid Colling eng éischt EP am Studio opgeholl. 2014 huet hien och seng Ausbildung op der Paräisser Musekschoul IMEP ofgeschloss. Zënterhier schafft hien als Beruffsmuseker. A mat den Erfahrungen, déi hien gesammelt huet, wier elo dee richtegen Zäitpunkt gewiescht, fir e ganze Album eraus ze bréngen.

Ee virwëtzege Mercenaire

D'Musek zum Beruff ze maache wier ee Liewenschoix fir Beruffsmuseker, "well et net einfach ass". Et misst vill opginn, och aus finanzielle Grënn. Mee dat wier néideg, fir weider ze kommen. "Vu Musek liewen ass méiglech, mee just vu senger eegener Musek ass 'verdammt schwéier'", seet hien. De "Kid Colling Cartel" ass säin Haaptprojet. Mee niewebäi mécht hie vill "Mercenaire-Gigs", wou hien Hannergrondmusek op Soiréeë spillt.

De Kid Colling beschreift sech als virwëtzege Mënsch, deen ëmmer nees a komesch Situatioune geréit ("gudder awer heiansdo och schlechter"). An dat géif seng Musek "ernären". "In the Devil's Court" baséiert op senger Interpretatioun vun deem wat him an de leschten zwee Joer geschitt ass. Mee jidderee kéint sech domadder identifizéieren a fir sech interpretéieren. Fir den Debut-Album zesummen ze stellen, hätt hie sech keng "Missioun" ginn: "Ech sinn éischter deen, dee sech dreiwe léisst".

De Wee bei de Blues

De Kid Colling ass net mam Blues grouss ginn. "Dat éischt wat ech gelauschtert hunn, ass den 'old school' Hiphop, deen ech och nach immens gär hunn". De Blues hätt hien einfach "direkt verstanen". Mat senger Band mécht hie "Blues Rock", mee dat wier och nëmmen eng Etikett. "Ech stinn einfach op Lidder-Schreiwen a Komponéieren."

Wann ee géif traditionelle Blues maachen, da wier dat méi simpel a puristesch. Mee hien hätt gär, wann ee sech a verschidde Richtungen a fir aner Stiler opmécht. Dowéinst kéint och ee Publikum, deen net sou op Blues steet, déi Musek appreciéiere kann.

No senge Virbiller gefrot, fällt dem Kid Colling als aller éischt d'Susan Tedeschi an hir "Tedeschi Trucks Band" an. "Déi hunn ech immens gär, well si kommen all vum Blues. Den Derek Trucks huet mam Clapton gespillt a mat den Allman Brothers. Hir Musek geet an eng Soul-Richtung, mat ville Bléiser. "An et groovt einfach". Et ass kee renge Blues, mee et huet déi Sonoritéit."

De Kid Colling ass och ee Fan vum Keb' Mo'. Hien hätt d'Kultur vum Blues a sech, an awer géif hien eng vill méi oppe Musek maachen.

Rum fir d'Stëmm

De "Kid Colling Cartel" huet säin Debut-Album "In the Devil's Court" am Summer 2016 zu Bordeaux opgeholl. D'Band hätt dobäi guer keen Drock ëmfonnt, seet de Kid Colling. Hie selwer hätt awer kuerz virdrun bei engem Concert a Litauen seng Stëmm verluer. Déi éischt Deeg konnt hien also net sangen, obwuel hien alles versicht hätt "Medikamenter, Hunneg, Téi, alles!". Um Enn hätt just Rum gehollef.

Den Titel "In the Devil's Court" wier seng Reflexioun iwwer d'Welt an där mir liewen, wéi d'Gesellschaft haut géif funktionéieren. All d'Lidder géifen dozou passen. Jiddereen hätt seng perséinlech "devil's court", also eng Phas a sengem Liewen aus där ee versicht eraus ze kommen.

Op déi international Bühn

De "Kid Colling Cartel" huet sech hei am Land bei engem Concours duerchgesat, fir Lëtzebuerg dëst Joer beim "European Blues Challenge" ze vertrieden. Dat wier och eng Plaz, wou all déi wichteg Bookeren aus dem Blues-Beräich hi kommen. De Stéphane Colling wëll do seng "bluesegst" Lidder presentéieren, mee och weisen, datt een am Blues kann innovéieren. "Den Timing ass just perfekt", seet dozou de Kid Colling: Den Album kéim elo eraus an d'Band kann en direkt och international promouvéieren.

Am Summer plangt d'Band eng Tournée. No engem Label sicht se nach.