Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass een excellenten Orchester"

Andrew Manze

"Et ass een excellenten Orchester"

Mam Andrew Manze ass en Dirigent zu Lëtzebuerg op Besuch, deen zu der Welt-Spëtzt gehéiert. Hien huet sech besonnesch am Beräich "Historesch Opféierungspraxis", an als Expert fir den englesche Komponist Ralph Vaughan Williams ervirgedoen. Zesumme mam OPL féiert hien dëse Freideg Wierker vum Joseph Haydn a vum Carl Nielsen an der Philharmonie op.

auto_stories

5 min

Den Andrew Manze an der Loge vun der Philharmonie

Andrew Manze, Dir waart schonn als Gaascht-Dirigent bei de Münchener Philharmoniker, dem Gewandhausorchester Leipzig, dem London Philharmonic- an dem London Philharmonic Orchestra. Lo sidd Dir zu Lëtzebuerg fir den "Orchestre Philharmonique du Luxembourg" ze dirigéieren. Wat ass ären Androck vum OPL?

Wéi ech mat där éischter Prouf ugefaangen hunn, duecht ech "ooh, dat ass schéin", well de Klang vum Orchester wierklech gutt ass. Alles dorun ass herrlech. Ech hoffen datt dat jidderengem bewosst ass. Wat mech wierklech beandrockt huet, war d'Aarbecht, déi si schonn an eise Repertoire gestach haten, éiert mir ugefaangen hunn. Dat ass een Zeeche vu serieuxe Museker, vu gudde Museker. An dat mécht dësen Orchester zu enger ganz agreabeler Experienz fir mech. Ech fannen et ass een excellenten Orchester.

Um Programm steet déi 103. Sinfonie vum Joseph Haydn. De Komponist gouf dacks als humorvoll beschriwwen. Den Ufank vun dëser Sinfonie ass awer genee de Contraire. Zemools déi éischt véier Noute sinn immens düster. Huet déi ganz Sinfonie een éischter düstere Charakter, oder fënnt een och dem Haydn säin Humor dran erëm?

Et kéint ee soen, datt et ee vum Haydn senge Witzer ass, eis z’iwwerarschen, mat eisen Erwaardungen ze spillen. Mir erwaarden datt d'Sinfonie grouss, strahlend a lëschteg ufänkt, awer hie fänkt düster a miserabel un. Dat ass e Schock, an de Public denkt sech vläicht: "Oh nee, modern Musek, dat hunn ech net gär". Mä dann, wann dee séieren Deel ufänkt, geschitt dat, wat mer vum Haydn erwaarden: et gëtt dänzeresch a lëschteg.

Hie mécht also déi ganzen Zäit entweder eppes wat mir erwaarden, an et gefält eis, oder eppes mat deem mir net rechnen. An dobäi denke mir net, datt dat schlecht ass, mä mir froen eis firwat hien dat mécht? Hie léisst eis déi ganzen Zäit nodenken. Genee dofir mengen ech, datt dëst Wierk sou gutt funktionéiert. Ebe well et gläichzäiteg eescht, a lëschteg ass. Et funktionéiert op deenen zwee Niveauen.

Déi honnert-drëtt Sinfonie ass net dat eenzegt Wierk wat vum Haydn um Programm steet. Zesumme mam Dennis Kozhukhin féiert Dir och säi Pianosconcerto a Re Majeur op. E Wierk wat, wéi et schéngt, vum Mozart beaflosst gouf?

Den Haydn an de Mozart ware gutt Frënn. Wou si sech déi leschte Kéier Äddi gesot hunn hate si Tréinen an hiren Aen, do sinn ech mer sécher. An dofir ass et net z’evitéieren, datt déi zwee dee selwechte Goût haten. Ech hunn d'Gefill, datt den Haydn dem Mozart seng Melodien a seng Effekter als Hommage a seng eege Musek integréiert huet, nodeems de Mozart gestuerwe war. Dofir ass et net iwwerraschend, datt den Haydn (besonneg am Alter) vun dësem jonken Genie beaflosst gouf.

Ech fannen, datt mir doriwwer nëmme glécklech kënne sinn, datt esou ee grousse Komponist wéi den Haydn vun engem Aneren inspiréiert gouf.

Den Denis Kozhukhin ass ee Pianist, dee sech gutt mam Haydn auskennt. Hien huet nämlech schonn e puer Haydn-Sonaten op CD opgeholl. Ass dëst déi éischte Kéier datt Dir zesumme schafft?

Dëst ass déi éischte Kéier, an ech si richteg frou doriwwer. Mir hu schonn zanter laangem probéiert eng Kéier zesummen ze schaffen. Ech si frou, datt Lëtzebuerg eis dës Geleeënheet ginn huet. Ech hunn déi CD mat den Haydn Sonaten héieren a si ass fantastesch. An iwwerall wou ech hi gaange sinn hunn d'Leit mir gesot: "Mir haaten den Dennis hei, et war genial". Orchestere lueden hien ëmmer erëm an a si verkafen all hir Tickete well hie gespillt huet. Jidderee sot mir, hie wär aussergewéinlech. Dofir sinn ech esou frou endlech e Concert mat him ze ginn.

Wann een ee Concerto dirigéiert, huet een seng eege Meenung am Kapp. Wéi klappt dat, wann een zesumme mat engem Solist optrëtt? Gëtt et do een Openanertreffe vu géigesätzleche Meenungen, muss ee Kompromësser agoen, oder iwwerschneiden sech d'Interpretatiounen dacks?

Ech sinn e bëssen ongewéinlech als Dirigent. Mir gefält et, Concertoen opzeféieren, well ech selwer net wierklech gutt Piano spillen. Ech sti wierklech gären nieft engem Pianist. Da fillen ech mech bal esou, wéi wann ech mat sengen Hänn verbonne wier. An dat ass eng interessant Aufgab fir een Dirigent, ze probéieren an d'Gedanke vum Solist anzedauchen. A wann ech aner Iddien hunn, da lauschteren ech als éischt wat d'Soliste maachen, éiert ech meng eege proposéieren. Si hu sech dacks méi laang mam Concerto ausernee gesat, si spillen en, si hunn e verënnerlecht, an dat well ech net stéieren. All Iddi déi ech proposéiere soll zu deene vum Solist passen. An dowéinst fannen ech Concertoen esou faszinéierend. Et kéint ee soen, datt et eng Zort vu Kompromëss ass. Mä ech gesinn et net op eng negativ Aart a Weis, éischter wéi eng Bezéiung, wéi e Mariage oder eng Frëndschaft. Et adaptéiert ee sech, fir datt d’Frëndschaft funktionéiert.

Wat steet no Ärem leschte Concert mam OPL als nächst um Programm?

Elo hunn ech mol eng Chrëschtvakanz, wouriwwer ech ganz frou sinn. Mä d'nächst Joer hunn ech e puer flott Saachen: Mam NDR féiere mir d’Mendelssohn- an d’Beethove-Sinfonien op. Ech wäert op Liverpool goen, fir do mam Orchester dem englesche Komponist Vaughan Williams seng Sinfonien opzehuelen. Wonnerschéi Musek, spannend Musek, néng ganz ënnerschiddlech Sinfonien. Ech hunn also eng ganz Rei verschidde Kompositiounen op mengem Pult, mä ech si ganz frou doriwwer. Ech hunn och nach vir, zäitgenëssesch Musek opzeféieren, an och ganz e bësse Musek aus dem Barock an der Klassik. Ech si richteg frou iwwer déi gutt Balance, déi ech a mengem Liewen hunn. Do hunn ech wierklech Chance.