Déi fënnef Stonnen, dat war net geplangt, seet d'Amanda Palmer. Mee si hätt einfach sou vill Zäit gebraucht fir hir Messagen ënnerzebréngen. Fënnef Stonnen, dat kléngt schonn ustrengend - fir d'Artistin a fir de Publikum. Am Fong wéilt si awer, datt hir Concerten inklusiv wieren, an datt jiddweree sech géif wuel a sécher spieren:
"Wann d'Show um Enn awer ustrengend ass, läit dat dodrun, datt ech op der Bühn doriwwer schwätzen, wéi ech eng Ofdreiwung hat oder wéi eng eng Fausse couche hat, oder wéi mäi Frënd a mengen Äerm gestuerwen ass. Hoffentlech ass et op déi bescht méiglech a mënschlech Manéier ustrengend. Nämlech sou, datt et d'Leit dozou bréngt, datt si fillen. Mee ech klammen net op d'Bühn a jäizen, datt d'Leit hiert Liewe mussen änneren. Dat ass net mäi Stil."
Géint de Verbuet vun Ofdreiwung
Hir Tournée duerch d'USA wier mat den Diskussiounen iwwer d'Ofdreiwungsrechter coincidéiert. An de Südstaate wier si dacks moies op politesch Maniffe gaangen, éier si mëttes de Concert an där Stad preparéiert hätt. An deene Staate soll Ofdreiwung verbuede ginn a fir d'Amanda Palmer ass kloer, datt si mat manifestéiere geet:
"Op eng Manéier war ech frou, well déi Tour perfekt mat deem openeegestouss ass, wat politesch geschitt. Mee wierklech frou mécht dat mech net. Ech wëll déi Diskussiounen net wierklech féieren. Ech wëll net all meng Moienter op politesche Manifestatioune verbréngen, an de Leit erklären, datt si fir hir Rechter musse kämpfen, fir sécher a legal Ofdreiwunge kënnen ze hunn. Mee, oh mäi Gott, dat geschitt de Moment a mengem Land!"
An Europa géif et deen Debat am Moment net ginn. Dofir géife bei hirer Tournée am Hierscht och aner Sujeten dominéieren. Och wa se dee selwechten Ophänkert huet: "There Will Be No Intermission":
"Et ass keng Show iwwer Ofdreiwung. Am Fong ass et eng Show iwwer Matgefill an Empathie, et ass eng Show iwwer Mënschen, déi sech prett fillen, fir sech ëm sech selwer an ëm anerer ze këmmeren. An iwwer dat, wat mir falsch gemaach hunn. Dee Message wäert Sënn maachen, fir all Fan an all Spectateur an all Stad iwwerall ronderëm d'Welt."
Zesummen de System bekämpfen
2015 ass d'Kënschtlerin selwer Mamm ginn. Si hätt deemools gemëschte Gefiller doriwwer gehat. Och dat ass en Thema an hirer Show. Ob si sech Gedanken iwwer d'Zukunft vun hirem Jong mécht? Si hätt gesinn, wat geschitt, wa Membere vun der Gesellschaft sech zesummendinn an de System bekämpfen, seet d'Amanda Palmer:
"Et ass eng Revolutioun am Gaangen an Amerika ze fermentéieren. D'Leit gleewen net un den Donald Trump. Si gleewen net un déi topeg Hierarchie vum Wuelstand. Dat sinn net eis Wäerter. A well eis Wäerter a Fro gestallt ginn, speziell an Amerika, gesäit een eng ganz Rëtsch wierklech fantastesch mobiliséiert Communautéiten, déi sech prett maachen, fir géint dee Wahnsinn ze kämpfen. An do ze sinn, an dat ze gesinn, mécht et sou vill méi einfach fir mengem Kand an d'Aen ze kucken an ze soen "Ech mengen, du wäers ok sinn. Déi Leit wäerten dir de Réck fräihalen. Do si Leit, déi wäerte fir dech kämpfen."
Dat ganzt Gespréich mat der Amanda Palmer