Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Evelinn Trouble: Musek als Vocatioun

Endlech nees live Musek

Evelinn Trouble: Musek als Vocatioun

Dëse Samschdeg um 17 Auer spillt d'Evelinn Trouble eng Aircheck Session. D'Sängerin aus der Schwäiz erzielt vun hirem éischten Album, hirem kreative Prozess an hirer Loscht fir endlech nees opzetrieden. D'Session gëtt vum 100,7 live aus der Kulturfabrik iwwerdroen. D'Sängerin spillt en intime Solo-Set, mat eegene Lidder a Cover-Versiounen.

auto_stories

3 min


Lauschtert dat ganzt Gespréich mat Evelinn Trouble.play_arrow


Evelinn Trouble, Musek schéngt fir dech méi wéi just eng Passioun ze sinn. Et huet een den Androck, datt s du dir eigentlech ni Gedanken doriwwer gemaach hues, ob s du eppes Aneres am Liewe kéints oder wéilts maachen. Kann dat sinn?

Jo, dat war bestëmmt esou! Meng Elteren hu mech och ëmmer doran ënnerstëtzt, an et war mir ganz kloer, ech hunn dat ni hannerfrot. Ech hu ganz jonk ugefaange mat Sangen, an du war dat kloer.

Däin éischten Album hues du och ganz jonk erausbruecht. Deen hues du och selwer produzéiert?

Ech hu fir de Lycée missten eng Ofschlossaarbecht maachen. An et hat een de Choix: Entweder 30 Säite schreiwen, oder e Projet maachen a just zéng Säite schreiwen.

Du sot ech mir, ok ech wielen déi zéng Säiten a maachen en Album. Sou hunn ech mat 17 Joer mäin éischten Album erausbruecht.

Deng Texter schéngen aus dem Liewe gegraff ze sinn. Et geet ëm tëschemënschlech Bezéiungen, ëm gesellschaftlech Themen, awer ass meeschtens ganz konkret. Wéi autobiographesch ass deng Musek?

Ech géif soen zimmlech autobiographesch. Lidder schreiwen huet fir mech eppes mat Katharsis ze doen. Also et geet drëm fir Saache vun der Séil ze verschaffen.

Et ginn och Lidder, déi méi allgemeng sinn, a manner mat mir ze doen hunn, awer bei ganz villen hunn ech d'Saachen aus mengem Ënnerbewosstsinn gelooss. Doduerch kann dat ganz autobiographesch ginn.

Deng Musek ass heiansdo grell an haart, heiansdo éischter roueg an nodenklech. Heiansdo ass se elektronesch, heiansdo éischter organesch an akustesch ... Wéi gees du de kreative Prozess un? Wéi schreifs du Lidder?

Dat ass ganz ënnerschiddlech, well ech verschidden Instrumenter spillen. Wann ech mech un d'Gittar setzen ginn d'Lidder tendenziell anescht, wéi wann ech se um Piano schreiwen, oder wann ech direkt mam Computer ufänken a ganz vill Synthesizeren a Rhythmusmaschinnen dra knuppen.

Ech hunn net wierklech e Konzept, dofir kënnt och ëmmer eppes ganz aneres dobäi eraus. Ech denken och net iwwer Genren no, ech froe mech ëmmer "wat brauch de Song fir gebuer ze ginn?".

Wann ee sou wéi s du duerch an duerch Musekerin ass, an da kënnt eng Pandemie, wéi geet een domat ëm? Hues du dech d'lescht Joer op aner Saache konzentréiert, wéi Songwriting, wéi d'Optrëtter ewechgefall sinn? Oder wéi hues du dës Zäit bis elo erlieft?

Et war schonn eng Zort Paus. Bei mir war den Timing zimmlech gutt, well ech hunn de Gesank fir mäin neien Album misste fäerdeg maachen. Ech hunn de Lockdown dofir genotzt. Dat zitt sech awer lo schonn e Joer, an ech hätt wierklech Loscht fir endlech nees op enger Bün ze stoen.

Ech mengen et geet ville Museker sou, datt ee sech eng Zäitchen domat arrangéiert kritt, datt een zum Beispill Lidder schreift, oder iergend eppes fäerdeg mixt. Awer iergendwann wëll een nees eppes aneres maachen.