Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Rolling Stones - Low Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fabelfolk mat Ecken a Kanten

Black Sea Dahu an der Kulturfabrik

Fabelfolk mat Ecken a Kanten

Den Dahu ass ee Fabelwiesen aus de Schwäizer Bierger. Och Black Sea Dahu si fabelhaft, a Schwäizer, mee ee schwaarzt Mier ass hir Musek net... oder net ëmmer. De Projet dréint ganz ronderëm d'Frontfra Janine Cathrein, déi vu Brudder, Schwëster a Frënn begleet eng staark Stëmm an de Raum stellt.

auto_stories

3 min

Och ronderëm geet net brodéiert, mee authentesch - an heiansdo kanteg - arrangéiert. Fir hir Opname verfuussen si sech gären an engem Studio héich uewen an Norwegen. Gëtt et eng Verbindung tëscht hirer Musek an dëser Platz?

"Ich glaube schon, ich glaube, dass ich am richtigen Ort in die richtige Stimmung kommen kann für diese Musik. Weil es sehr abhähngig ist von Stimmung, von meiner Stimmung, der Stimmung der Band, der Stimmung der Leute, wenn welche da sind, oder halt eben vom Ort. Es ist ein Ding, das nicht nur mit der Musik, sondern mit allem drum herum existiert."

Black Sea Dahu hir Musek ass net nëmmen agebett, mee och couragéiert an deem Sënn, datt si ganz perséinlech Sujeten uschwätzt, déi Vulnerabilitéit opdecken. Den Ëmstand, datt dräi vun der Band Geschwëster sinn, ass dobäi esouwuel eng Hëllef wéi och ee Widderstand, well heiansdo d'Fatze fléien.

Wichteg war fir d'Band och d'Renconter mat hirem Produzent Gavin Gardiner, deen hinne bäibruecht huet, datt een Take mam richtege Feeling méi wäert ass wéi een technesch perfekten oder rauschfräien. Dat héiert een op hiren Opnamen, déi voller Textur an Nuance stiechen, déi an deels 20-stënnege Sessiounen a just e puer Deeg entstane sinn.

De Video fir hir neiste Single, "Thaw", hu Black Sea Dahu live op enger Landstrooss bei Lille opgeholl, op Tournée a gutt drop.

"Esouguer op Festivalle wou aacht Meter tëscht der Bün an dem Public sinn, banne mir si mat an, bréngen si zum Laachen, stellen hinne Froen, erzielen eis perséinlech Saachen aus eisem Liewen. De Public muss och heiansdo laache kënnen, well an de Lidder ganz schwéier Passagen dra sinn, wou ee sech fale loosse kann. Mee ech wëll se jo dann och erëm opfänken. Ech mengen op ee Concert vun eis ze kommen, ass eng familiär Erfarung, an d'Leit léieren eis scho ganz gutt kennen"

erkläert d'Janine Cathrein hir Relatioun mam Public.

Eng nei Plack ass iwwregens um Start fir am Februar 2022 erauszekommen, an dat neit Material ass schonns am Liveset.


Black Sea Dahu spillen de Samschden, 13. November 2021 um 20 Auer an der Escher Kulturfabrik. Am Virprogramm ass de Lëtzebuerger Singer-Songwriter Bartleby Delicate ze héieren. Lauschtert de ganzen Interview hei: