"Natierlech hunn ech dat schonn dacks héieren", seet de Faber op d'Fro, firwat hie kléngt wéi e Mann, dee wesentlech méi al ass. "Awer eigentlech fillen ech mech éischter wéi e Kand." Wahrscheinlech géif et duerch seng déif Stëmm kommen. A well d'Musek gréisstendeels akustesch wier, géifen och Leit seng Musek lauschteren, déi net méi ganz jonk sinn.
Chanson hätt hien als Kand vill gelauschtert. Just eben italienesch Artisten. De schwäizer Sänger heescht am Fong Julian Pollina an huet italienesch Racinnen. Dat mam Balkan-Sound hätt hien ebe sou matkritt. "Et ass am Fong jo och guer net forcement Balkan. Et ass einfach déi Posaun, a well et sou ballert."
Heiansdo kritiséiert de Faber a prangert un. Am däitlechsten am Song "Wer nicht schwimmen kann, der taucht." Mä wéi vill Selbstkritik stécht a senge Lidder? De Protagonist wier net ëmmer hie selwer, awer heiansdo wier et en Deel vun him. "Et gi Songs wou ech Säite vu mir beschreiwen, déi ech net onbedéngt gutt fannen, awer déi dach vill Leit a sech hunn."
Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Sänger: