Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng facetteräich Postpunk-Plack

FEELS - Post Earth

Eng facetteräich Postpunk-Plack

De Post-Punk, déi Musek, déi zënter den 80er Jore freche Gittare-Rock mat kënschtlereschen Ambitiounen an onverblimmten Texter zelebréiert, erlieft am Moment eng Renaissance. Dat ass och gutt esou, fënnt de Marc Clement. Hien huet aus dem Weekend ee fuschneien Album vun der Woch matbruecht. Een nach jonke Quartett vun L.A., Feels mam Numm, ass mat senger zweeter Plack "Post Earth" op eng authentesch Oder gestouss.

auto_stories

3 min

Feels komme vu Los Angeles, spille Garagerock an hiren Debut virun zwee Joer war vum Ty Segall produzéiert. Esouwäit, esou garagesch.

Mat hirer zweeter Plack, "Post Earth", ass déi kalifornesch Postpunk-Band op politescher Missioun ënnerwee. De Pressecommuniqué steet dofir och voll vun Zitater wéi dësem: "Et war Absicht, eng politesch geluede Plack ze schreiwen. Mir mussen alleguer e Wee fannen, d'Zäit geet eis aus. De Gëllenen Zäitalter ass eriwwer".

D'Haaptsingle vun der Plack heescht "Car" an iwwer dës seet d'Band, et wier "eng ironesch Visite guidée duerch eng verdréite politesch Landschaft, an där alles eng Ligen an Onwëssenheet Gléckséilegkeet ass.

D'Gëllent Zäitalter ass eriwwer, an dach schénge Feels sech ganz staark op ee gëllent Zäitalter, nämlech dat vum Indie a vum Garage Rock zeréckzebezéien. Wann d'Rockmusek ëmmer méi zum neien Jazz gëtt, wéi verschidde Leit et gesinn, da si Retro-Leihgaben näischt Verwonnerleches a sinn hei och net iwwerdriwwen. Trotzdeem héiert een heiansdo och déi eng oder aner kleng Allusioun op Sonic Youth oder d'Breeders duerchschéngen, well esou wéi deenen hir bekanntste Placke kléngt "Post Earth" wéi eng grouss Produktioun, an där d'Gittare prominent a rau däerfe kléngen, an d'Stëmm méi wéi eemol an den Hannergrond réckelt.

Och déi am Pressecommuniqué betounten Urgence vun den Texter, déi weder un déi vun hirer erkläerter Referenz Sleater Kinney, nach un déi bäissend Kritike vu Bodega erukommen, wandert dann dacks an den Hannergrond. Et ass net hei, wou Feels ee fänken, mee mat der Musek. "Wann eis wëllsten Dreem géife wouer ginn, da géif dës Plack opreegend kléngen a gläichzäiteg Bewosstsinn an Aktioun géint Haass, Viruerteeler, Gier an d'Zerstéierung vun der Ëmwelt inspiréieren." Esou d'Band an hirer Presentatioun. Dat zweet bleift onwahrscheinlech, mee dat éischt ass gelongen. Der Band hir rhythmesch a melodesch Aventurë klenge frësch a spontan, a beschwiere mat einfache Mëttele Stëmmungen erop, déi Déift mat Direktheet verbannen. Heimat banne sech Feels direkt an dem Nolauschterer säi Banneliewe fest an imitéiere mat Gittaren och mol opgewullten ënner Landschaften. Feels, eben.

Dacks huele Feels een awer och op méi roueg Plaze mat. De Minimalismus vum Songwriting an déi breet Produktioun vum Nation of Ulysses-Mann Tim Green flechten dann déi Faszinatioun zesummen, déi vun dëser Plack an hire Mäanderen ausgeet, ouni ee Fuedem ze vergiessen. Alles bleift dobäi ëmmer staark an authentesch.

"Post Earth" vu Feels belount beim Lauschtere mat allem, wat gutt Musek brauch, mat einfache Rhythmen, Melodien a Gittare-Riffs a mat Raffiness vum Gesang vun der Shannon Lay um Mikro. De Sound vum Album glorifizéiert d'Spontaneitéit vun den Tracke mat engem matte Vernis a villfältege raimlechen Dimensiounen. Sief dat heiten och Garagerock, et erreecht eng Schéinheet am Sound, déi a Verbindung mat der Musek bal schockéiert. Eisen Album vun dëser Woch kënnt vun der amerikanescher Band Feels an heescht "Post Earth". Als éischte klenge Virgeschmaach proposéiere mir Iech den Titeltrack.