Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - 33 "God"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Field Music - Open Here

Album vun der Woch

Field Music - Open Here

Wéi verhält sech eng Band, déi iergendwann mat enger politescher Situatioun konfrontéiert ass, virun där si sech net verstoppe kann? Grad dann, wa se bis dohin net duerch politesch Aussoen opgefall war. Deene Froen hu sech d'Jonge vu Field Music misse stellen, wéi si decidéiert hunn, fir e siwenten Album an de Studio ze goen.

auto_stories

2 min

D'Bridder Peter an David Brewis hu sech fir "Open Here" decidéiert. D'Welt an d'Situatioun si gro. England nach vill méi, mä mir loossen d'Läpper net hänken a feieren! Hënt ass zwar kee Prince als Hologramm beim Justin Timberlake opgedaucht, mä de Geescht vum Prince ass vum Opener "Time in Joy" iwwert de Song "Share A Pillow" bis "Goodbye to the Country" ze héieren. Field Music sinn zwar aus dem nordëstleche Sunderland, grooven awer drop lass, wéi wann dem Harry Nilsson seng Neveue vum Prince gebabysittet gi wieren.

Mä hannert der Danzmusek verstoppt sech eng manner hedonistesch Intentioun. D'Gebridder Brewis kommen aus enger Stad, déi mat als éischt der EU de Réck gedréint a Leave gewielt huet. Field Music iwwerrasche mat ongewinnt an onkrypteschen Texter.

Den Norden e bësse verluer

D'Single "Count It Up" huet eppes vun engem aktualiséierte "Once In The Lifetime" vun den Talking Heads. D'Bridder versichen opzezielen, dat et nieft Autoen an Aarbecht nach aner Kapitale gëtt. Eng Aart humanistescht Kulturkapital kéint och eng Léisung sinn. An dat ass just ee Song vun am Ganzen eelef. Wéi kann et sinn, dat en Disk thematesch sou 2018 ass, deem awer sou anachronistesch géigeniwwer steet.

Dat ass manner e reaktionäert No-Hanne-Blécken, wéi sech e bëssi Wäermt gënnen. Well et gesäit ganz dono aus, wéi wa Field Music déif dran e bëssen den Norde verluer huet. Mä wat bleift ass d'Musek. An zwar voll a ganz. Mat Gittaren, Sträicher, Brasssektioun a lo nei am Sortiment: Flütt. Vill Flütt. "Open Here" vu Field Music, dat ass eng Uso perséinlech an e Wonsch zugläich. A virop ass et einfach just och flott Musek.