"Dat, wat eis am Fong zesummebruecht huet, waren d'Crazy-Quarantine-Sessions, déi de Pol wärend dem Lockdown organiséiert huet. Wou ech dës Songs du fäerdeg geschriwwen hat, sinn ech mer e bëssen gemeinsam domat virkomm, a wollt se eleng verwierklechen."
Déi zwee Museker, déi vum Sänger zu Pol "Bootsy" Belardi a Jerome "Little Jay" Klein ëmgedeeft goufen, sinn der Aluedung direkt nokomm, wann och iwwer Distanz. Wéinst der Pandemie goufen all d'Opname vun dëser "Covid-EP" a Form vun Dateien iwwer d'Netz geschéckt, ier se zesummegeschnëppelt op "The Longest Sunday in History" gelant sinn.
De Wonsch zesummen am Studio ze schaffe gouf allerdéngs wärend der Aarbecht un dëse véier Titelen ëmmer méi grouss. Esou grouss, datt déi dräi grad aus enger gemeinsamer Studiosessioun zesumme mam Batteur Niels Engel erauskommen, bei där deen éischten Jackie Moontan Album erauskomm ass. Wann Iech "The Longest Sunday ..." also gefält, ass Nachschub schonn ënnerwee.