FKA Twigs - Magdalene De perfekte Begleeder fir d'Wanterdepressioun
"Magdalene" ass den Titel vum neien Album vun der britescher Sängerin FKA Twigs. Gemengt ass déi biblesch Figur vun der Maria Magdalena, eng no Frëndin vum Jesus. Der Twigs no hätt si de selwechte Stellewäert, wier awer an enger patriarchaescher Welt kuerzerhand als Houer ofgestempelt ginn. Den Yves Stephany mam Album vun der Woch.
D'Musek vun der FKA Twigs ass voller Géigesätz. Hire Sopran ass gläichzäiteg fragil an immens kraaftvoll, hir Songs sinn introspektiv an zugläich universell verständlech, hir Arrangementer sinn experimentell, an trotzdeem accessibel fir de Mainstream-Publikum. FKA Twigs ass ee vun de wichtegste Personnagen am moderne Pop-Zirkus. An hiren zweete Longplayer ënnermauert déi Positioun.
"Magdalene" ass e Post-Breakup-Album. De Personnage vun der Maria Magdalena hätt hir Kraaft an Zouversiicht gi fir weiderzemaachen, schreift d'Kënschtlerin an engem Communiqué zu der Release.
D'Géigesätz halen awer net op beim musikalesche Volet. De Personnage vun der Sängerin ass genee sou widderspréchlech. Si ass gläichzäiteg unantastbar a ganz mënschlech. Si ass duerch an duerch aus deem Stoff, aus deem Popstare gemaach sinn.
"I'm a fallen alien", séngt si ...
"In this age of Satan
I'm searching for a light to take me home and guide me out"
Hir Konscht ass Leiden. Si ass immens streng mat sech selwer an trainéiert alles wat si ufänkt bis zur Perfektioun, sief et Pole dance oder Wushu, eng chinesesch Kampfsportaart. Dës Perfektioun spigelt sech och an hire Lidder erëm. Zum Beispill am grandiosen "Home With You".
Produzéiert gouf den Album - wéi kéint et anescht sinn - vun der Artistin selwer. Nodeems si an der Vergaangenheet ënner anerem mam Dev Haines alias Blood Orange zesummegeschafft hat, huet si sech fir "Magdalene" Produzente wéi den amerikanesche Superstar Skrillex, den talentéierten Chileen Nicolas Jaar oder de Britt Koreless an de Studio geholl. De Sound ass insgesamt nach méi elektronesch a méi glossy, wéi op de méi fréie Releasen.
Niewent de Singelen "Home With You", "Holy Terrain" a "Cellophane" stécht ee Song besonnesch eraus: "Daybed". E Lidd iwwer d'Gefill vun Depressioun, an deem d'Mécken, déi iwwer der knaschteger Spull fléien, op eemol zu frëndleche Kolleege ginn. Deen Track gouf produzéiert vum Amerikaner Oneohtrix Point Never. Wie bei dëser déif traureger atmosphärescher Ballad net ufänkt ze pinschen, deem ass net méi ze hëllefen.
"Magdalene" ass keen einfachen Album. Et ass och keng Scheif fir niewebäi beim Kachen ze lauschteren. Ech hunn den Accès eréischt fonnt, wéi ech mir en op d'Kopfhörer ginn hunn a mech an den Universum vun der Magdalene zéie gelooss hunn. Et ass dee perfekte Begleeder fir d'Wanterdepressioun mat engem waarmen Téi eleng um Canapé. E groussaartegen Album vun enger vun de grousse Kënschtlerinne vun eiser Zäit.